D'Porta Nigra, Symbol vun der Stad Tréier, ass déi gréisst a bescht erhale réimesch Stadpaart nërdlech vun den Alpen.
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Paart déi ëm 180 n. Chr. als nërdlechen Agank vun der Stad Augusta Treverorum gebaut gouf, ass 1986 op d'Lëscht vun de Weltierwe vun der UNESCO opgeholl ginn.
Réimesch Steemetzer hunn déi eenzel Sandsteebléck, déi bis zu sechs Tonne weien an aus dem noe Kylldall stamen, ouni Speis openee getiermt. Bis haut gëtt d'Porta Nigra just vum Eegegewiicht a mat Hëllef vun e puer Eiseklameren zesummegehalen. Am Mëttelalter sinn déif Lächer an d'Steng gemeesselt gi fir d'Eiseklameren ze klauen an anzeschmëlzen. Aus där Zäit staamt och den Numm Porta Nigra, dee vun der däischterer Faarf ofgeleet ass, déi duerch Verwitterung vum Sandsteen entstanen ass.
Datt se nach do ass verdankt Porta Nigra dem griichesche Wanderpater Simeon, dee vun 1028 un e frommt Liewen do gefouert huet. No sengem Doud 1035 gouf d'Porta zu enger Kierch ëmgebaut an ass sou erhale bliwwen. Den Napoléon huet spéider de Réimerbau nees vun de meeschte Spuere vu senger kierchlecher Vergaangenheet befreit.
Commons: Porta Nigra – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Porta Nigra, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.