De Pierre Schiltz, gebuer de 15.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buergermeeschter Pierre Schiltz. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schiltz. |
November">15. November 1881 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 14. Januar 1952 zu Téiteng, war Buergermeeschter vun der Gemeng Keel an e Fabrikant vu Karbidsluuchten.
Pierre Schiltz | |
---|---|
Gebuer | 15. November 1881 Rëmeleng |
Gestuerwen | 14. Januar 1952 Téiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Hien huet a Frankräich eng Léier als Mecanicien gemaach. Säi Spëtznumm Lutepitti krut e wéi en nees zeréck zu Lëtzebuerg war, a sech als Kniwweler druginn huet, fir d'Schwächte vun den deemolege Karbidsluuchten ze behiewen a se duerno a senger Téitenger Fabrick selwer ze fabrizéieren (do wou haut d'Firma Poeckes dran ass). Deen éischte patentéierte Modell war d'Excelsior. 1913 huet en d'Record gebaut, déi weltwäit zum Asaz koum, an 1934 d'Record 2.
An de Joren 1921-28, 1932-34 an 1952 war de Pierre Schiltz Keeler Buergermeeschter.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pierre Schiltz (Buergermeeschter), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.