Den Nicolas Entringer, gebuer den 20.
Mäerz">20. Mäerz 1885 um Wuermer Bierg an och do gestuerwen den 18. Dezember 1969, war e lëtzebuergesche Museker a Komponist.
Nicolas Entringer | |
---|---|
Gebuer | 20. Mäerz 1885 Uewerwuermeldeng |
Gestuerwen | 18. Dezember 1969 Uewerwuermeldeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Hien huet vill Lidder komponéiert, deelweis mat eegenen Texter, deelweis mat Texter vun aneren Auteuren, déi virun allem mat der Musel an dem Wäin ze dinn haten.
Hie war laang Zäit Dirigent vun der Wuermer Musek (1917–1952) an och zu Nidderdonwen a Greiweldeng.
No him gouf eng Plaz um Wuermer Bierg vis-a-vis vun der Kapell benannt, wou och e Gedenkstee fir hie steet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nicolas Entringer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.