Den Nicolaas Bloembergen, gebuer den 11.
Mäerz">11. Mäerz 1920 zu Dordrecht, a gestuerwen de 5. September 2017 zu Tucson, am Arizona, war en hollännesch-US-amerikanesche Physiker a Physik-Nobelpräisdréier.
Nicolaas Bloembergen | |
---|---|
Gebuer | 11. Mäerz 1920 Dordrecht |
Gestuerwen | 5. September 2017 Tucson |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Holland, USA |
Educatioun | Universitéit vu Leiden, Harvard Universitéit, Universitéit vun Utrecht |
Aktivitéit | Physiker, theoreetesche Physiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie des sciences, National Academy of Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, American Physical Society |
De Bloembergen huet vun 1946 bis 1990 op der Harvard University enseignéiert. 1990 gouf en do Professor Emeritus a vun 2001 u war e Professer op der University of Arizona. Do dernieft hat hien eng Rëtsch Gaaschtprofessuren uechter d'Welt.
1981 krut hien zesumme mam Arthur Leonard Schawlow den Nobelpräis fir Physik "fir hir Kontributioun zu der Entwécklung vun der Laserspektroskopie".
Hie war och 1991 President vun der American Physical Society, a war ë. a. Member vun der American Academy of Arts and Sciences an der National Academy of Sciences.
Den Asteroid (10447) Bloembergen gouf 2001 no him genannt.
Commons: Nicolaas Bloembergen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nicolaas Bloembergen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.