Monni an Tatta sinn d'Geschwëster vun den Elteren.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Monni Monnonk | Tatta Mattant | Mamm | Papp | Monni oder Tatta | Monni/Tatta 2. Grad | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Cousin/Kusin | Cousin/Kusin | Ech | Cousin/Kusin | Cousin/Kusin 2. Grad | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
E Monni oder Monnonk ass e Brudder vun der Mamm oder dem Papp; e Groussmonni ass e Brudder vun der Groussmamm oder dem Grousspapp, also e Monni vun engem Elterendeel.
Eng Tatta oder Mattant ass eng Schwëster vun der Mamm oder dem Papp; eng Grousstatta ass eng Schwëster vun der Groussmamm oder dem Grousspapp, also eng Tatta vun engem Elterendeel.
D'Persoun (Ech) hirersäits ass en Neveu (männlech) oder eng Niess (weiblech) vum Monni oder der Tatta.
Rechtlech ass eng Persoun am 3. Grad Famill mat hirem Monni oder hirer Tatta; se stame vun de selwechte Grousselteren of.
Vereelzt gëtt et d'Bezeechnung Éim ((de) Oheim) fir de Brudder vun der Mamm a fir de Mann vun der Mamm hirer Schwëster a Méim ((de) Muhme) fir d'Schwëster vun der Mamm a fir d'Fra vun der Mamm hirem Brudder.
Ëmgangssproochlech ginn och d'Conjointe vun de Gesëschter vun den Eltere Monni oder Tatta genannt. Kanner nenne Frënn oder Bekannte vun den Elteren deels Tatta oder Monni, dacks zesumme mam Numm oder Virnumm (d'Tatta Sidonie oder de Monni Schmit).
E Monni oder eng Tatta vum 2. Grad ass e Bouf oder eng Duechter vum Groussmonni oder der Grousstatta.
D'Kanner vun de Monnien / Tattae si Recht Cousinen oder Kusinnen (oder vum 1. Grad) an deenen hir Kanner – also d'Kandskanner vun de Monnien / Tattaen – sinn Neveuen / Niesse vum 2. Grad.
Commons: Monni an Tatta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Monni an Tatta, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.