De Philippe Michel Fallize, gebuer de 24.
Februar">24. Februar 1855 zu Harel a gestuerwen den 28. Abrëll 1920 zu Chicago (Illinois) am St. Mary of Nazareth Hospital, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Missionnaire.,
Michel Fallize | |
---|---|
Gebuer | 24. Februar 1855 Harel |
Gestuerwen | 28. Abrëll 1920 Chicago |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Missionnaire |
Famill | |
Geschwëster | Jean-Baptiste Fallize |
No sengem Secondaire am Stater Stater Kolléisch ass hien 1874 an Amerika gaangen, wou hien zu Notre Dame am Indiana an d'Kongregatioun vum hellege Kräiz (Congrégation de Sainte-Croix) agetrueden ass. Den 31. Dezember 1878 ass hien zum Priister geweit ginn. 1889 ass de Pater Fallize Generalvikar vun der Diözees Dacca (Dhaka, haut Bangladesch) ginn, eng Funktioun, déi hien 21 Joer laang assuréiert huet. 1910 ass hien aus Gesondheetsgrënn zeréck op Notre Dame gaangen.
Hie war de Brudder vum Jean-Baptiste Fallize.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Fallize, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.