D'Baker-Insel, op Englesch Baker Island, ass eng Insel am Pazifik, déi net bewunnt ass.
Et ass ee vun de Baussegebidder vun den USA, en Unincorporated Territory.
Baker-Insel | |
---|---|
Geographie | |
Land | USA |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Koordinaten | 0°11'40,999"N, 176°28'45,998"W |
Fläch | 2,1 km² |
Breet | 1 km |
Héchste Punkt | onbekannt (8 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Kleng entleeën Insele vun de Vereenegte Staaten |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Awunnerdatum | 2018 |
Aner Informatiounen | |
Genannt no | Michael Baker |
Zäitzon | UTC−12 |
D'Insel läit 3.091 km südwestlech vun Honolulu, ongeféier op der Hallschent tëscht Hawaii an Australien an nëmmen 21,7 km nërdlech vum Equator.
Op 68,3 km an Norden läit d'Howlandinsel. Béid Inselen sinn déi eenzeg Landflächen an der Zäitzon UTC−12 (International Date Line West, IDLW).
D'Baker-Insel huet eng Fläch vun 2,1 km² an eng Küstelängt vu 4,9 km.
Commons: Baker Island – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Baker-Insel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.