De Messier 102 (oder NGC 5866) ass eng lënsefërmeg Galaxie mat enger Gréisst vu 4,7' x 1,9' an enger visueller Hellegkeet vun +9,90 mag am Stärebild Draco.
Well si als de Prototyp vun enger lënsefërmeger Galaxie ugesi gëtt, d. h. enger Galaxie vum Hubble-Typ S0, ass si och ënner dem Numm Spëndelgalaxie bekannt. Dëse Numm ass allerdéngs méideiteg, well beispillsweis och op déi geneesou lënsefërmeg Galaxie NGC 3115 ënner deem selwechten Numm Bezuch geholl gëtt.
D'lënsefërmeg Galaxie M102 opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop. | |
Stärebild | Draco (Dra) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 15h 6m 29,48s |
Deklinatioun | + 55° 45' 47,2" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | S0_3 HII/LINER |
Visuell Magnitude | +9,9 mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | +10,8 mag |
Wénkelduerchmiesser | 6,46 × 3,16 |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | 13,0 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 44 ∙ 106 |
Routverrécklung | (2242 ± 30) ∙ 10−6 |
Radialvitess | +757 ± 125 |
Absolutten Duerchmiesser | 60.000 |
Geschicht | |
Entdecker | Pierre Méchain |
Entdeckungsdatum | 1781 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CGCG | 274.16 |
GC | 4058 |
h | 1909 |
H | 1.215 |
IRAS | 15051+5557 |
M | 102 |
MCG | +9-25-17 |
NGC | 5866 |
PGC | 53933 |
UGC | 9723 |
Haut gëtt den M 102 allgemeng dem NGC-Objet NGC 5866 zougedeelt. Allerdéngs besteet eng Kontrovers, ob de Messier tatsächlech dës Galaxie gemengt hat, oder ob et sech bei M 102 ëm eng Duebelobservatioun vu M 101 gehandelt hat. Anerer mengen, datt de Messier eventuell den NGC 5879 oder den NGC 5928 gemengt hat, allerdéngs si béid méi liichtschwaach wéi den NGC 5866.
Commons: Messier 102 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Messier 102, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.