De Max Kohnstamm, gebuer den 22.
Mee">22. Mee 1914 zu Amsterdam, a gestuerwen den 20. Oktober 2010 zu Amsterdam, war en hollänneschen Historiker, Diplomat an een iwwerzeegten Europäer, dee schonn an de fofzeger Joren zu Lëtzebuerg als Generalsekretär vun der Haute Autorité beim Opbau vun Europa dobäi war.
Max Kohnstamm | |
---|---|
Gebuer | 22. Mee 1914 Amsterdam |
Gestuerwen | 20. Oktober 2010 Amsterdam |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Universiteit van Amsterdam |
Aktivitéit | Diplomat, Historiker, Resistenzler |
Member vun | Club de Rome |
De Max Kohnstamm huet modern Geschicht studéiert. No sengen zwéin Kandidatsexamen ass hien 1938-1939 ee Joer an Amerika gaangen, fir do weiderzestudéieren.
Nom Krich war hie Privatsekretär vun der hollännescher Kiniggin Wilhelmina (1945-1948). Vun 1952 bis 1956 war hie Generalsekretär vun der Haute Autorité vun der CECA zu Lëtzebuerg. 25 Joer laang huet hie mam Jean Monnet zesummegeschafft.
Hie war och President vum Comité d'Action pour les Etats Unis d'Europe, deen de Jean Monnet opgeriicht hat, fir der europäescher Iddi weider ze déngen.
Vun 1976 bis 1981 war hien den éischte President vun der Europäescher Universitéit zu Florenz.
1977 huet de Max Kohnstamm de Wateler Vredespräis, 1987 de Jean Monnetpräis an 2004 ee vun de Four Freedoms Awards kritt.
Commons: Max Kohnstamm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Max Kohnstamm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.