Ënner Massaker versteet een d'Ëmbrenge vu Mënschen op eng ganz grujeleg Manéier, e Gemetzel oder e Bluttbad, aus Haass oder fir sech ze rächen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am Krich versteet een dorënner d'Ëmbrenge vun enger grousser Zuel vu Mënschen, meeschtens vun Zivilpersounen, ouni militäresch Ursaach, mä ënner engem pseudo-politeschen oder ethnesche Virwand. Dacks erfollegen dës Massemuerde fir ofzeschrecken oder fir eng ganz Populatioun béissen ze loossen. Den Ausdrock Massaker gëtt och gebraucht, wann onberechebar Amokleefer oder Terroristen ouni Grond Mënschen a grousser Zuel ëmbréngen oder niddermetzelen.
Am internationale Recht geet an dësem Zesummenhank och dacks rieds vu Vëlkermuerd, Krichsverbriechen oder Verbrieche géint d'Mënschheet.
Commons: Massaker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Massaker, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.