De Louis Emberger, gebuer den 23.
Januar">23. Januar 1897 zu Thann (Elsass) a gestuerwen den 29. November 1969 zu Saint-Sulpice, war e franséische Botaniker a Phytogeograph.
Louis Emberger | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marie Louis Emberger |
Gebuer | 23. Januar 1897 Thann |
Gestuerwen | 29. November 1969 Saint-Sulpice |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Lyon |
Aktivitéit | Botaniker |
Hie war vun 1936 bis 1937 Professer op der Faculté des sciences vu Clermond-Ferrand. Am Laf vun 1937 huet hien d'Chaire vun der Botanik op der Faculté des sciences vu Montpellier iwwerholl. Do huet hie bis 1968, wou hien an d'Pensioun goung, enseignéiert.
1938 gouf den Emberger Direkter vum botaneschen Institut vun der Universitéit vu Montpellier. Hie war och den Direkter vum Service de la carte des groupements végétaux de la France (SCGV), deen 1947 zu Montpellier kreéiert gouf an dee vum CNRS ofhängeg war. 1961 gouf aus dem SCGV de Centre d'études phytosociologiques et écologiques, nach ëmmer mat dem Emberger als Direkter (bis 1968).
De Louis Emberger huet sech dofir agesat, datt och zu Lëtzebuerg, wéi an aneren europäesche Länner, Frankräich z. B. , eng Kaart vun de Planzegesellschaften — Carte des groupements végétaux du Grand-Duché — ausgeschafft géif ginn. An 1946 a 1947 huet hien de François Léon Lefort, deen hien zënter 1940 kannt huet, gefrot, fir bei der lëtzebuergescher Regierung an deem Sënn z'intervenéieren.
Wéi den Emberger de 16. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg op Invitatioun vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal eng Konferenz iwwer de Sujet « La paléontologie et l'interprétation des formes végétales actuelles » gehalen huet, huet hie vun der Geleeënheet profitéiert, fir op d'Avantagë vun enger phytosoziologescher Kaart fir Lëtzebuerg hinzeweisen. An hien huet d'Hëllef vun de franséische Phytosoziologen ugebuede fir de Fall, datt d'lëtzebuergesch Regierung sech an nächster Zäit fir d'Realisatioun vu sou enger Kaart géif decidéieren. Déi huet dann och dem Emberger seng Suggestioun opgegraff, an de Léopold Reichling ass 1948 an 1949 an e Stage op Montpellier geschéckt ginn, fir sech beim Emberger an dem Braun-Blanquet mat der Phytosoziologie ze familiariséieren. Nom Enn vun deem Stage ass den Emberger op Lëtzebuerg komm, fir sech fir eng definitiv Decisioun anzesetzen.
Enn Juli 1949 huet de Minister Pierre Frieden decidéiert, am naturhistoresche Musée den « Service de la Carte des groupements végétaux » ze schafen, dee vum 1. September 1949 un ënner der Leedung vum Léopold Reichling sollt funktionéieren.
De Louis Emberger ass an der Séance vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal vum 25. November 1947 Éieremember vun der Sektioun genannt ginn. Den Eugène Beck huet deemools d'Laudatio gehalen. Den 8. Januar 1951 gouf den Emberger och Éieremember vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL).
Am Mäerz 1952 huet de L. Emberger bei der SNL eng Konferenz iwwer d'« Préphanerogames » gehalen. Hien huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir zwou nei franséisch phytosoziologesch Kaarten ze weisen, eng regional Kaart vun der Géigend vun Aix-en-Provence-Sud-Ouest, an eng lokal Kaart vum Bichebësch vu Sainte-Baume (Marseille).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Louis Emberger, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.