De Lift Pafendall-Uewerstad ass - nieft dem Lift Gronn-Uewerstad - den zweete Lift an der Stad Lëtzebuerg deen e Quartier aus der Ënner- mat der Uewerstad verbënnt.
D'Statioun am Dall läit am Schreinescheck, an der Verlängerung vun der Bréckergaass. Vun der ieweschter Statioun kënnt een iwwer eng Foussgänger- a Vëlosbréck am Pescatore-Park un.
Fir d'Mobilitéit tëscht den zwéi Quartiere méi einfach ze maachen, war de Bau vun engem Lift am Kader vun de Quartiers-Kaderpläng (Stadtteilrahmenpläne) ausgeschafft ginn a gouf positiv vun de Pafendaller Leit opgeholl. Nieft der Benotzung duerch Foussgänger sollten och Vëlosfuerer de Lift benotze kënnen, dëst besonnesch op der Vëlosstreck a Richtung Norden.
De ganze Bau besteet aus dräi Deeler:
D'Betribskäschten (Entretien, Botzen, Energiekäschten) ginn op 40.000 € pro Joer geschat.
De 25. Juli 2008 huet de Stater Gemengerot den avant-projet sommaire fir e Lift mat enger Foussgänger- a Vëlosbréck fir e Käschtepunkt vun deemools 7.257.100 Euro ugeholl,.
Den definitive Projet, dee vum Architektebüro steinmetzdemeyer staamt, an deen ë. a. nach Sanitäranlagen am Dall ageplangt goufen, ass de 16. Februar 2009 vum Gemengerot gestëmmt ginn; de gestëmmte Käschtepunkt louch deemools bei 7,57 Milliounen Euro.
Am Oktober 2009 ass d'Commande eraus gaange fir d'Terrassementsaarbechten. Vun Ufank u goufen et awer Problemer wéinst Feeler vum Bau-Promoteur déi och net duerch d'Awierke vun der Gemeng konnte behuewe ginn, sou datt de Kontrakt vum Schäfferot annuléiert gouf. D'Commande ass dunn iwwer e Marché de gré à gré un déi Firma iwwerdroe ginn, déi de Lift baue sollt.
Wéinst der Faillite vum Entreprener konnt tëscht August 2011 an Oktober 2012 net um Schantje geschafft ginn.
Anescht wéi geplangt, hunn d'Stabilisatiounsmauere misse vu 7 op 16 Meter erhéicht ginn, dëst well d'Fielsen duerch déi ënnerschiddlech Gestengs- a Sandschichten net esou stabil ware wéi uganks ugeholl. D'Surface fir d'Stabilisatioun ass deemno vun 200 op 600 m2 gewuess, wat erkläert firwat d'Bauaarbechte méi laang gedauert hunn. De Käschtepunkt gouf uganks 2014 op 9,8 Milliounen Euro geschat, am Juni 2014 op 10,5 Milliounen Euro.
Mëtt 2015 war den Tuerm fäerdeg gebaut an de 15. August gouf dunn déi 40 Meter laang a 16 Tonne schwéier schréi Stäip, op enger Héicht vu ronn 15 Meter, tëscht dem Tuerm (ënnerzeg vun der Bréck) an dem Fiels festgemaach. D'Bréck gouf den 19. an 20. September 2015 montéiert.
Den 22. Juli 2016 gouf de Lift offiziell ageweit a fir d'Benotzung fräiginn.
Engem Bilan no hunn am éischte Joer, wéi en a Betrib war, an der Moyenne all Mount 33.000 Leit de Lift geholl. An där Zäit ass de Lift iwwer 450.000 Mol erop- oder erofgefuer, an huet dobäi iwwer 27.000 km zeréckgeluecht.
Commons: Lift Pafendall-Uewerstad – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lift Pafendall-Uewerstad, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.