D'Leto war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Koios an der Phoibe.
Duerch den Zeus war si d'Mamm vun den Zwillingen Apollo an Artemis. Wärend hirer Schwangerschaft huet dem Zeus seng Fra Hera aus Jalousie verbueden datt een si soll ophuele fir ze entbannen. D'Leto ass dunn emhirgeierrt bis si schlussendlech op der Insel Delos en Ënnerdaach fonnt an hir Kanner do op d'Welt bruecht huet.
Zu hire Kanner hat d'Leto liewenslänglech en häerzlecht Verhältnes. Déi zwee hunn hir Mamm géint de Ris Tityos verdeedegt a géint de Spott vun der Niobe. Dowéinst si Mamm a Kanner dacks zesummen am Kult veréiert ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
Commons: Leto – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Leto, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.