Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer dem Lëtzebuerger Sänger Guy Theisen säi Liewen, deen an de 60er Joren ënner sengem Kënschtlernumm Leslie Kent bekannt war.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 14. Juli 2006 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent | Brigitte Kerger-Santos |
Produktiouns- gesellschaft | Rattlesnake Picture |
Schauspiller | |
Guy Theisen Fred Jager Pipo Petro John Ehringer Luke Haas Pit Hammer Thierry Kinsch Marie-Paule Lentz Mike Butcher Chris Janssen Monique Melsen Rico Winandy Fernand Jungblut Felix Schmitz | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Wéi den Andy Bausch mat der Aarbecht um Film ugefaangen huet, huet de Guy Theisen nach gelieft an e wousst net, datt e krank wier. Hien ass ass Ufank 2006, wärend dem Montage vum Film, u Kriibs gestuerwen.
D'Première vum Film war de 14. Juli 2006 an der Rockhal, zesumme mat engem Concert vu lëtzebuergesche Bands zu Éiere vum Leslie Kent. Den Dag duerno ass den Dokumentarfilm am reguläre Kino ugelaf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Leslie Kent, a Tale of Sex, Booze and the Blues, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.