D'Léiercher oder Léiweckelcher oder Léimännercher (Alaudidae) sinn eng aarteräich Famill an der Uerdnung vun de Spatzevullen (Passeriformes), Ënneruerdnung Sangvullen (Passeres).
Et gëtt 92 Aarte vu Léiercher, wouvun d'Feldléierchen (Alauda arvensis) déi ass, déi an Europa am geleefegstent ass.
Léierchen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Feldléierchen | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Alaudidae Vigors |
D'Léiercher si kleng bis mëttelgrouss Vullen, déi um Buedem liewen, a si sange meeschtens nëmmen, wa se fléien.
Um Buedem beweege se sech am Lafe weider, se sprangen net. Se bauen hiert Nascht um Buedem a leeën tëscht zwee a sechs getëppelt Eeër. Et sinn onopfälleg Vullen an d'Männercher ënnerscheede sech an de Plommen net vun de Weibercher.
Déi meescht Aarten hunn e schmuele Schniewel a se friesse Kären an Insekten.
Commons: Léiercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Léiercher, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.