Um Kënnerchersmaart hu fréier d'Kniecht an d'Meed sech verdankt oder si vun engem Meeschter gedankt ginn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kënnerchersmaart hat meeschtens e regionalen a lokalen Charakter. An Däitschland ass meeschtens vun engem Gesindemarkt rieds gaangen.
An der Äifel waren sou Mäert geleefeg. Bis zum Ufank vun den 1870er Jore gouf et sou Mäert nach zu Bitburg, Wittlich, Wetteldorf bei Schönecken, an der Neierbuerg, zu Cochem a Münstermaifeld.
Well d'Bauere fréier keng Maschinnen haten, hunn d'Aarbechten an der Landwirtschaft vu Kniechten a Meed, dem Gesinde, wéi et op Däitsch heescht, gemaach musse ginn. Op de Kënnerchersmäert hu sech am Dezember d'Kniecht, d'Meed, d'Kichemeedercher, d'Kichejongen an d'Schéifer fir dat nächst Joer verdankt. D'Kniecht an d'Hauspersonal hunn ëmmer op Liichtmëssdag gewiesselt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kënnerchersmaart, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.