De Kenneth Essex Edgeworth, gebuer de 26.
Februar">26. Februar 1880 zu Daramona House, Streete, County Westmeath, Irland a gestuerwen den 10. Oktober 1972 zu Dublin war en ireschen Astronom, deen als éischten d'Theorie vun der haut bekannter Kuiperceinture publizéiert hat.
Kenneth Essex Edgeworth | |
---|---|
Gebuer | 26. Februar 1880 |
Gestuerwen | 10. Oktober 1972 Dublin |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Irland |
Aktivitéit | Astronom, Ekonomist, Ingenieur |
Den Edgeworth publizéiert am Joer 1943 seng Aarbecht The evolution of our planetary system, déi als éischt Referenz fir e Reservoir vu Koméiten hanner de Planéitebunnen am Sonnesystem gëllt. Doraus huet sech e Konzept entwéckelt, déi sougenannt Kuiperceinture, deen an Irland an a Groussbritannien och als Edgeworth–Kuiper belt bezeechent gëtt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kenneth Essex Edgeworth, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.