E Küsteschëff, op Franséisch e Caboteur, op Englesch e Feeder, ass e Schëff, dat am noe Beräich vun der Küst zirkuléiert, an, wéi et heescht, Cabotage mécht.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Wuert Cabotage steet fir eng gewëss Zort vu Schëffsverbindungen, vu Verbindunge vun engem Miereshafen an en aneren, ouni de Beräich vun der Küst ze verloossen. Et gëtt dobäi eng Differenz tëscht nationalem (Häfen am selwechte Land) an internationalem Cabotage gemaach. Schëffer, déi Cabotage maachen, sinn eegens dofir gebaut an erfëllen net déi selwecht Uspréch wéi Schëffer, déi um oppene Mier zirkuléieren. D'Feedere sinn do fir Fracht vu groussen Häfen a méi klenger ze transportéieren oder vu klengen zeréck a grousser, fir dann an d'Ausland verschéckt ze ginn.
De Begrëff Cabotage gëtt et och, am selwechte Sënn, am Loft- a Stroosseverkéier.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Küsteschëff, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.