De Joseph Dahlmann, gebuer de 14.
Oktober">14. Oktober 1861 zu Koblenz, gestuerwen den 23. Juni1930 zu Tokio, war en däitsche Jesuittepater an Orientalist, deen a Japan gewierkt huet.
Joseph Dahlmann | |
---|---|
Gebuer | 14. Oktober 1861 Koblenz |
Gestuerwen | 23. Juni 1930 Tokio |
Nationalitéit | Däitschland, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Orientalist, Universitéitsprofesser, Theolog, kathoulesche Priister |
De Joseph Dahlmann ass 1878 an de Jesuittenuerden agetratt. 1891 bis 1893 huet hien zu Wien Sanskrit studéiert, duerno vun 1893 bis 1900 indesch Altertumskunde a chineesesch Sprooch a Literatur.
Am Joer 1900 ass den Dahlmann op Lëtzebuerg an d'Schrëftstellerheem Bellevue um Lampertsbierg komm, wou hien an der Redaktioun vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach matgeschafft huet.
Vun 1902 bis 1905 huet hie laangjäreg Studiereesen duerch Asien (China, Thailand, Kambodscha, Birma, Indien, Japan) gemaach. 1905 ass den Dahlmann op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet do d'Andréck vu senge Fuerschungsreesen a sengem Wierk Indische Fahrten, dat 1908 an zwéi Bänn erauskomm ass, zu Pabeier bruecht.
1908 ass den Dahlmann zesumme mat zwéin anere Jesuitten a Japan gereest, fir do den Terrain fir d'Grënnung vun enger kathoulescher Universitéit virzebereeden, déi dann och 1913 zu Tokio als Sophia-Universitéit (Jōchi Daigaku) hiren ufanks nach ganz bescheidenen Depart geholl huet. Den Dahlmann war ee vun de Professeren, déi do enseignéiert hunn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joseph Dahlmann, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.