De Joaquín Rodrigo Vidre, gebuer den 22.
November">22. November 1901 zu Sagunto, Provënz Valencia a gestuerwen de 6. Juli 1999 zu Madrid, war e spuenesche Komponist.
Joaquín Rodrigo | |
---|---|
Gebuer | 22. November 1901 |
Gestuerwen | 6. Juli 1999 Madrid |
Nationalitéit | Spuenien |
Educatioun | École Normale de Musique de Paris |
Aktivitéit | Komponist, Choreograph, Pianist, Pedagog, Musikolog, Gittarist |
Hie war vu Kand u blann, an huet 1927 um Conservatoire vu Valencia, duerno zu Paräis op der Ecole Normale de Musique, ë. a. beim Paul Dukas, bis 1932 Kompositioun, Piano an Harmonie geléiert. An de Joren duerno ass hie mat senger Fra, enger Pianistin, vill doruechter gereest, an huet zu Paräis viru Museksgeschicht studéiert. 1948 gouf hien um Conservatoire vu Madrid Professer fir Museksgeschicht. Do dernieft huet hien als Musekkritiker an als Direkter vum Musek-Rayon beim Radio geschafft.
Säi Stil verbënnt Neoklassizismus mat spueneschem Folklor. Zum Deel ginn och typesch Figure vum 16. bis 18. Joerhonnert iwwerholl a verschafft. Seng Kompositioune sinn tonal, och wann hei an do kleng Dissonanzen agebaut sinn. Säi bekanntst Wierk ass de Concierto de Aranjuez, fir Gittar an Orchester, dat mat zu de populäerste klassesche Stécker vum 20. Joerhonnert gehéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joaquín Rodrigo, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.