De Jean-Claude Mézières, gebuer den 23.
September">23. September 1938 zu Paräis, a gestuerwen den 23. Januar 2022, war e franséische Kënschtler a Comiczeechner. Hie gouf duerch d'Comicserie Valérian et Laureline, fir déi en 1984 mam Grand Prix de la Ville d'Angoulême ("Prix Alfred") geéiert gouf, bekannt.
Jean-Claude Mézières | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Claude René André Mézières |
Gebuer | 23. September 1938 12. Arrondissement |
Gestuerwen | 23. Januar 2022 13. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École des Métiers d'Art |
Aktivitéit | Comicauteur, Cartoonist, Illustrateur |
1955 huet hien ugefaangen, fir Comicmagaziner ze zeechnen. 1965 ass en eng Zäitchen an d'USA gaangen, fir am Montana an am Arizona als Cowboy ze schaffen. Zu Salt Lake City huet hie säi Jugendkolleeg Pierre Christin erëmgetraff, deen do Franséischcourse ginn huet. An de Joren dono hunn déi zwéin d'Science-Fiction-Serie Valérian et Laureline geschaaft, déi an der Zäitschrëft Pilote erauskoum. 23 Albume sinn esou zustane komm.
Fir de Film Le cinquième élément huet de Jean-Claude Mézières zesumme mam Jean Giraud den Design entworf.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Jean-Claude Mézières – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Claude Mézières, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.