En Hyperlink oder kuerz Link ass e Verwäis (Referenz) op en anert Hypermedia-Dokument (Websäit), op eng aner Plaz am aktuellen Textdokument oder op eng aner Informatiounsressource am Internet.
Duerch d'Prinzip vun den Hyperlinks kann de Benotzer ganz einfach queesch duerch de Web navigéieren, ouni streng lineär virzegoen.
Hyperlinks ginn a Form vun URIs uginn, déi Informatiounsressourcen am Internet spezifizéieren. Am Webbrowser ginn dës Linken da bei der Duerstellung vum Dokument entspriechend markéiert, soudatt se vum Benotzer einfach mat engem Mausklick aktivéiert kënne ginn. Sou geléngt de Benotzer automatesch zu där entspriechender Ressource, ouni d'URI an dat zur Verfügung gestalltent Browserfeld anzetippen.
Dat englescht Wuert Link gouf an der lëtzebuergescher Versioun vu Microsoft Windows mat Verknëppung iwwersat.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hyperlink, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.