Den Honoré Daumier, gebuer de 26.
Februar">26. Februar 1808 zu Marseille a gestuerwen den 10. Februar 1879 zu Valmondois (Val d'Oise), ass e franséische Moler, Sculpteur, Karikaturist a Lithograph.
Honoré Daumier | |
---|---|
Pseudonym | Daumier, Honore, Daumier, Honore Victorin |
Gebuer | 26. Februar 1808 Marseille |
Gestuerwen | 10. Februar 1879 Valmondois |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Bauzeechner, Karikaturist, Sculpteur, Graveur, Illustrateur, Graphiker |
1828 mécht den Honoré Daumier seng éischt Lithographië fir d'Zeitung La Silhouette, 1830 seng éischt Karikature fir d'Zäitschrëft La Caricature, an 1832 ass den Ufank vu senger laangjäreger Zesummenaarbecht mat der Zeitung Le Charivari, déi deemools eng bedeitend Roll am politesche Liewe gespillt huet.
1832 gouf hie wéinst enger Karikatur, déi de Kinnek Louis-Philippe I. als Gargantua duergestallt huet, zu 6 Méint Prisong verurteelt.
Vun 1835 u mécht den Daumier keng politesch Karikature méi, well eng Rei Zensur-Gesetzer agefouert goufen. Hien huet sech dunn op gesellschaftlech Theeme konzentréiert.
Hien huet Romaner vum Honoré de Balzac illustréiert.
Seng Gebuertsstad Marseille huet him zu Éieren e Buste aus Bronze beim Hôtel Dieu vu Marseille opgestallt.
Commons: Honoré Daumier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Honoré Daumier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.