De Gustav Theodore Holst (ausgeschwat: ), gebuer den 21.
September">21. September 1874 zu Cheltenham als Gustavus Theodore von Holst, a gestuerwen de 25. Mee 1934 zu London, war en englesche Komponist.
Gustav Holst | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gustavus Theodore von Holst |
Gebuer | 21. September 1874 Cheltenham |
Gestuerwen | 25. Mee 1934 London |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | University College London |
Aktivitéit | Komponist, Librettist, Museksprofesser |
Famill | |
Kanner | Imogen Holst |
Hien ass virun allem bekannt fir seng Orchestersuite The Planets (1914-1916).
Den Holst huet um Royal College of Music zu London Kompositioun an Trombonn studéiert, an duerno vun 1898 bis 1903 a verschiddenen Orchesteren als Trombonnist gespillt. Spéider huet hien a verschiddenen Institutiounen als Museksprof geschafft a gouf du musikaleschen Direkter op der St Paul's Meederchersschoul zu Hammersmith.
Tëscht 1919 an 1923 huet den Holst Kompositioun um Royal College of Music op der Universitéit Reading enseignéiert. Seng Duechter Imogen Holst (1907−1984) war och Komponistin an Dirigentin.
The Planets ass sécherlech déi bekanntst vum Holst senge Kompositiounen. Et sinn dëst siwe Stécker, déi jee ee vun de Planéite vun eisem Sonnesystem, respektiv déi réimesch Gëtter, no deene se genannt goufen, evokéieren. Besonnesch d'Stéck iwwer de Krichsgott Mars gëtt dacks a gär gespillt an och zitéiert, an eng jett Filmmusek-Komponisten hu sech dru méi wéi just inspiréiert. Och Jupiter gouf populär.
Commons: Gustav Holst – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gustav Holst, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.