De Gerhard (Gerd) Müller, gebuer den 3.
November">3. November 1945 zu Nördlingen a gestuerwen de 15. August 2021, war en däitsche Foussballspiller.
Gerd Müller | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gerhard Müller |
Gebuer | 3. November 1945 |
Gestuerwen | 15. August 2021 |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 176 Zentimeter |
Gewiicht | 77 kg |
Veräin/Ekipp | FC Bayern München, Däitsch Foussballnationalekipp |
Mat 365 Goler a 427 Matcher huet hie bis haut (2021) de Rekord vun de meeschte Goler an der Foussball-Bundesliga, wat him de Spëtznumm Bomber der Nation agruecht huet. Hie gëlt als ee vun de beschte Stiermer vun allen Zäiten.
Hien huet beim TSV 1861 Nördlingen ugefaange mat Spillen. A senger Zäit beim FC Bayern München (1964 bis 1979) huet de Müller véier Mol den däitsche Championnat, véiermol den DFB-Pokal, dräimol d'Europäesch Coupe vun de Landesmeeschter, eng Kéier d'Europäesch Coupe vun de Coupegewënner an eemol d'Weltcoupe gewonnen. Mat der däitscher Nationalmannschaft gouf hein 1972 Europa- an 1974 Weltmeeschter.
1979 ass hien a Florida bei d'Fort Lauderdale Strikers spille gaangen, 1981–1982 bei d'Smith Brothers Loungea vun du bis 1984bei den German-American Soccer Club.
No senger Carrière als Spiller war hie vun 1992 bis 2014 Co-Trainer vun der 2. Ekipp vum FC Bayern München.
Commons: Gerd Müller – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gerd Müller, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.