Ënner Gemengewalen, och alt Gemengerotswalen, versteet een d'Wale fir de Gemengerot ze wielen.
D'Modalitéite vun de Gemengewale sinn am Walgesetz vum 18. Februar 2003 an deels am Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 festgeluecht.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Gemengewalen all 6 Joer, gemenkerhand den zweete Sonndeg am Oktober.
Wann d'Chamber- an d'Gemengewalen an den Oktober vum selwechte Joer falen, da ginn d'Gemengewalen op den éischte Sonndeg am Juni virverluecht. Iwwer e groussherzoglecht Reglement kann den Datum awer och op ee vun den zwéi Sonndeger virun oder nom éischte Junisonndeg geréckelt ginn.
Wann am Gemengerot e Mandat vun engem Member vakant ass, well de Conseiller demissionéiert huet, gestuerwen ass oder an eng aner Gemeng geplënnert ass, kann de Gemengerot Komplementarwale festleeën. Wann zwéi Mandater vakant sinn, musse Komplementarwalen organiséiert ginn. D'Komplementarwale musse bannent dräi Méint nodeems d'Vakanz dem Inneministere matgedeelt gouf, organiséiert ginn.
An de sechs Méint virun den nächste reguläre Gemengewale gi keng Komplementarwalen organiséiert, et sief datt d'Hallschent vun de Membere vum Conseil feelt.
De Corps communal setzt sech aus dem Gemengerot, dem Schäfferot an dem Buergermeeschter zesummen.
D'Zuel vun de Gemengeréit (d. h. de Membere vum Gemengerot, och nach Gemengeconseiller oder just Conseiller genannt) hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of. Doran abegraff sinn de Buergermeeschter an d'Schäffen (Collège des bourgmestre et échevins - Schäfferot genannt). Jee no Gréisst vun der Gemeng gëtt et, nieft dem Buergermeeschter, tëscht 2 a 6 Schäffen.
Och ob de Gemengerot nom Majorz- oder Proporzsystem gewielt gëtt, hänkt vun der Awunnerzuel of.
Well d'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst, a wéinst de Fusioune vu Gemengen ass d'Zuel vun de Proporzgemenge vu 27 (1993) iwwer 37 (2005) op 46 (2017) eropgaangen. Am Joer 2011 hunn 80% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg an enger Proporzgemeng gelieft . Fir d'Gemengewale vun 2023 gëtt a 56 Gemengen nom Proporz- an a 46 Gemengen nom Majorzsystem gewielt.
Gemeng mat … | Conseilleren | Schäffen | Walen |
---|---|---|---|
< 1.000 Awunner | 7 | 2 | Majorzsystem |
1.000 - 2.999 Awunner | 9 | ||
3.000 - 5.999 Awunner | 11 | Proporzsystem | |
6.000 - 9.999 Awunner | 13 | ||
10.000 - 14.999 Awunner | 15 | 3 | |
15.000 - 19.999 Awunner | 17 | ||
> 20.000 Awunner | 19 | 4 | |
Ausnam: Stad Lëtzebuerg | 27 | 6 |
Fir däerfen ze wielen, muss een als Lëtzebuerger um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn, iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen an am Groussherzogtum wunnen.
Net-lëtzebuergesch Staatsbierger kënne wiele goen, wa se hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn a sech op der Gemeng an d'Wielerlëscht ageschriwwen hunn. Wa s'aus engem Land baussent der Europäescher Unioun oder dem Schengenraum kommen, musse se zousätzlech e gültegt Openthaltsdokument (Titre de séjour oder Carte de séjour) hunn.
D'Reegel datt Net-Lëtzebuerger op d'mannst 5 Joer an engem Stéck regulär am Land hu musse gewunnt hunn, gouf mam Gesetz vum 22. Juli 2022 ofgeschaaft.
Fir Lëtzebuerger ënner 75 Joer besteet Walflicht, bei Net-Lëtzebuerger eréischt dann, nodeem se sech an d'Wielerlëschten agedroen hunn.
Passiivt Walrecht, also d'Recht sech wielen ze loossen, hunn all Bierger vun der Europäescher Unioun, d'Lëtzebuerger natierlech abegraff, iwwer 18 Joer, déi zanter méi wéi 6 Méint an der Gemeng, an där se kandidéieren, ugemellt sinn. Wéi beim Recht ze wielen, muss ee seng biergerlech Rechter hunn.
Bréifwal ass, ënner bestëmmte Konditiounen, méiglech.
Jiddereen deen an de Wielerlëschten agedroen ass, muss wiele goen. Dozou gehéieren d'office all d'Lëtzebuerger déi d'Konditioune vum aktive Walrecht erfëllen an d'Net-Lëtzebuerger déi sech fräiwëlleg ageschriwwen hunn.
D'Wieler déi um Waldag verhënnert sinn, mussen dem Procureur d'État, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen.
Vum Gesetz hir entschëllegt sinn d'Wieler iwwer 75 Joer an déi, déi um Dag vun de Walen hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen.
Fir sech als Kandidat fir d'Walen opzestellen, also fir däerfe gewielt ze ginn, muss een um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn an iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen. Et däerf ee weeder zu Lëtzebuerg nach a sengem Hierkonftsland d'Recht fir gewielt ze ginn oferkannt kritt hunn. Dës Konditioun muss awer net erfëllt sinn, wann een a sengem Hierkonftsland säi passiivt Walrecht op Grond vu sengem Wunnsëtz am Ausland verluer huet.
Als Lëtzebuerger muss ee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn; d'Net-Lëtzebuerger mussen, wa se sech als Kandidat opstellen, op d'mannst sechs Méint an der Gemeng gewunnt hunn, an där se kandidéieren.
Auslännesch Staatsbierger mussen nach eng Rei Dokumenter virweisen, ë. a. eng Deklaratioun iwwer hir Nationalitéit an hir Adress zu Lëtzebuerg.
E Kandidat fir d'Gemengewal an enger Majorzgemeng ka sech individuell opsetzen, hie muss net op enger Kandidatelëscht sinn. Fir seng Kandidatur ze stellen, muss hie bis spéitstens 60 Deeg virun der Wal, eng datéiert an ënnerschriwwen Demande mat senge perséinlechen Donnéeë beim President vum Haaptwalbüro vu senger Gemeng ofginn. Mat senger Kandidatur verflicht de Kandidat sech, sech net vun der Wal zeréckzezéien.
An enger Proporzgemeng muss de Kandidat fir d'Gemengewal op enger Kandidatelëscht (Wallëscht) stoen, déi aus Membere vun enger politescher Partei oder engem anere Grupp besteet. Dës Lëscht kann net méi Kandidaten hunn, wéi Conseilleren an der Gemeng ze wiele sinn.
All Kandidatelëscht muss entweeder vun op d'mannst 50 Wieler aus der Gemeng oder vun engem aktuelle Gemengeconseiller ënnerstëtzt ginn. E Mandataire muss déi jeeweileg Lëscht bis spéitstens 60 Deeg virun der Wal beim President vum Haaptwalbüro vun der Gemeng ofginn.
Zousätzlech zu de genannte Formalitéiten däerf all Kandidat just op enger Lëscht stoen an all Lëscht muss eng eege Bezeechnung hunn.
Do dernieft däerfen d'Membere vum Gemengerot bis inklusiv den 2. Grad weeder direkt nach par alliance matenee Famill sinn; se däerfen och net matenee bestuet oder gepacst sinn.
All Wieler deen an der Wielerlëscht ageschriwwen ass, kann eng Demande maache fir iwwer Bréifwal ze stëmmen. Dofir muss e bannent festgeluechten Delaien iwwer en einfache Bréif oder e virgedréckte Formulaire eng Demande beim Schäfferot vu senger Gemeng maachen.
Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 waren 285.335 Wieler ageschriwwen. Dovun hu sech der 18.468 per Bréifwal bedeelegt. 251.437 Wieler haten d'Lëtzebuerger Nationalitéit; dobäi koumen 33.898 Auslänner, déi am Land wunnen,a sech sech op d'Wallëschten androe gelooss haten.
3.575 Kandidate stoungen am Ganzen zur Auswiel, dat ware 1.274 Dammen an 2.301 Hären. 3.307 Kandidate ware Lëtzebuerger, 268 haten eng aner Nationalitéit.
Et gouf 666 Walbüroen. Et goufen am Ganzen 248.885 Walziedelen an d'Urn geheit. Dovu waren der 228.904 gülteg, 19.981 ongülteg oder wäiss. Bei déi gülteg dobäi koume 17.206 Bulletinen, déi per Bréifwal ageschéckt goufen.
Am ganze waren 3.311.210 Stëmme méiglech, ofgi goufen der awer just 2.814.832.
1.289.334 - 45.8% - ware Lëschtestëmmen (d.h., wou all Stëmmen un eng an déi selwecht Lëscht goungen), 958.204 - 54.2% - goufen eenzel an enger oder méi Lëschten 'erausgesicht'.
46 vun den 105 Gemenge ware Proporzgemengen. D'Sëtzverdeelung, zesummegerechent, gesouch an deene Gemenge sou aus:
Partei | CSV | DP | gréng | LSAP | aner |
---|---|---|---|---|---|
Total Sëtz | 209 | 108 | 77 | 155 | 51 |
% | 30,4 | 18,2 | 16,4 | 24,0 | 11,0 |
Datum | Evenement |
---|---|
01.07.2021 | Den Datum vun de Walen 2023 gëtt festgeluecht |
12.04.2023 | Leschten Datum fir den Depot vun de Kandidaturen |
13.04.2023 | D'Lëschtennummere fir d'Wale ginn ausgeloust |
17.04.2023 | 55. Dag virun de Gemengewalen, leschten Dag fir all Net-Lëtzebuerger fir sech an d'Wielerlëschten anzeschreiwen |
18.04.2023 | D'Wallëschte gi publizéiert |
11.06.2023 | Gemengerotswalen |
01.09.2023 | Leschten Dag bis wéini déi nei Gemengeréit hir Aarbecht ophuele mussen |
Partei | LSAP | DP | gréng | CSV | aner | Piraten | Lénk | ADR | KPL |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Total Sëtz | 155 | 134 | 64 | 193 | 13 | 6 | 9 | 1 | |
% | 21,3 | 20,64 | 12,69 | 26,06 | 19,31 |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemengewalen (Lëtzebuerg), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.