Gnu Free Documentation License

D'GNU Free Documentation License (Kuerzform: GFDL oder GNU-FDL) ass eng Lizenz, där hiren Text vun der Free Software Foundation ausgeschafft ginn ass.

Dës Lizenz huet als Zil, d'Verbreedung vu fräiem Contenu z'ënnerstëtzen. D'Texter op Wiki ginn ënner der GFDL verëffentlecht.

Opgepasst: fräie Contenu ass keen Domaine public.

Et kann een also net mat engem Wierk ënner GFDL alles maachen, wat ee wëllt. Et kann ee sou e Wierk zwar fräi benotzen an och fräi veränneren, mä all dat just ënner der Konditioun, datt d'Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ëmmer nach ënner der GFDL bleift.

Dofir muss ee bei all Reproduktioun oder Representatioun vun engem Wierk ënner GFDL däitlech uginn, datt dat Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ënner der GFDL steet, an et muss een dann och den integralen engleschen Original-Text vun der GFDL derbäisetzen. Natierlech ass et ubruecht, zu Lëtzebuerg och eng Iwwersetzung op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch vun der GFDL nach derbäizesetzen. Den engleschen Text ass awer bei Iwwersetzungsënnerscheeder deen eenzeg verbindlechen. Dir kënnt den integralen englesche GFDL-Text kamoud iwwer dëse Link kucke goen, déi däitsch a franséisch onverbindlech Iwwersetzunge fannt Dir um Spaweck.

Déi verschidde Mataarbechter un engem Wierk ënner GFDL bleiwen d'Auteure vun hire Säiten oder Biller. Si mussen also bei all Reproduktioun an/oder Representatioun vun deem Wierk, souguer ënner enger verännerter Form, mat hirem vollen Numm ernimmt ginn. Dëst geschitt bei Wikipedia-Artikelen duerch d'Historique-Säit, déi bei all Artikel iwwer e Reider z'erreechen ass, a bei Wikipedia-Biller duerch Bildbeschreiwungssäit, déi bei all Bild duerch d'Uklicke vum Bild z'erreechen ass.

Wa mer zesummefaasse wëllen, dann ass dee groussen Ënnerscheed tëschent Domaine Public a GFDL also, datt een, wann een e Wierk, wat ënner den Domaine public gefall ass, op eng originell Aart a Weis verännert, op déi Verännerung Auteursrechter kréie kann. Mä wann een e Wierk ënner GFDL verännert, da kann een ni Auteursrechter op déi Verännerung kréien, dat verännert Wierk bleift ëmmer nach ënner GFDL a ka vu jidderengem benotzt a weiderverännert ginn. Wien domat net averstanen ass, dee kritt vun der GFDL carrément iwwerhaapt net d'Recht, dat GFDL-Wierk ze benotzen oder ze veränneren.

Kuckt och

Um Spaweck

Tags:

Free Software FoundationLizenzWikipedia

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Dëppegéisser (Museksgrupp)Charles MederRoger DiederichInternet1957MediaWikiLiège-Bastogne-Liège 2024Domaine public10. JanuarSexualitéitAnime1919Stater TramSaratowRégis MoesHypertext Markup LanguageE-BassLëtzebuerger Filmpräis 2018Patrick SanaviaAli RuckertBenny BergLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenNicolas WampachLee Van CleefHeischentSpuerkeessMyriam Spiteri DebonoEugène WolffAustralienGréiwemaacherHypertext Transfer ProtocolOregonPierre FriedenYonas KindeBernard FeltenJFort RubamprezLëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotFaustiJames II. vun EnglandMars Science LaboratoryJean-Baptiste FresezGirl with a Pearl Earring (Film)André DuchscherKetty ThullJeff SeylerLeschte Steiwer6. MäerzPablo EscobarMarie-Antoinette vun ÉisträichSowjetuniounHomsMaximilian SchellIBMPozuelo de AlarcónSchrëftstellerCoupe de Luxembourg (Foussball)Jacques BrocquartAmerikaneschen OnofhängegkeetskrichGeorges ChristenKoordinéiert WeltzäitLycée Hubert-ClémentKapuzinertheaterFrédéric ZeimetDagLucien Czuga16. MäerzAsienHaaptsäitNorbert Campagna🡆 More