Frank Drake: US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker

De Frank Drake, gebuer den 28.

Mee">28. Mee 1930 zu Chicago a gestuerwen den 2. September 2022 zu Aptos a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

Frank Drake
Frank Drake: Liewen, Wierk, Engagement
Gebuer 28. Mee 1930
Chicago
Gestuerwen 2. September 2022
Aptos
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Cornell University
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun
Frank Drake: Liewen, Wierk, Engagement

Liewen

De Frank Drake hat op der Cornell Universéit studéiert. 1952 krut hien de Bachelor an technescher Physik mat Auszeechnung. Tëscht 1952 an 1955 huet hie bei der US-Marinn als Electronics Officer geschafft. Op der Harvard-Universitéit hat hien 1956 de Master of Science an 1958 den Titel Doktor vun der Astronomie gemaach.

1960 huet hien déi éischt radioastronomesch Versich gestart an huet de sougenannte Projet Ozma (genannt nom Kannerbuch Ozma von Oz) gegrënnt. Hien ass Member vun der National Academy of Sciences an hat 1961 mam J. Peter Pearman do déi éischt SETI-Konferenz organiséiert. Hien ass zënter 1965 Direkter vum Arecibo-Observatoire zu Puerto Rico a war vun 1988 bis 1990 President vun der Astronomical Society of the Pacific. Zousätzlech hat hie vun 1964 bis 1984 als Professer vun der Astronomie op der Cornell-Universitéit a vun 1984 - 1990 als Professer fir Astronomiefuerschung an Astrophysik op der Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz geschafft.

Hie war zanter 1984 President vum SETI-Institut.

Wierk

Hien hat d'Drake-Equatioun entwéckelt an hat se 1961 am Green-Bank-Observatoire virgestallt. Dës Formel gëllt zënterhir als Grondlag vun allen Diskussiounen am Zesummenhank mat der Sich no extraterrestreschem Liewen.

1974 hat hien an Zesummenaarbecht mam Carl Sagan a weidere Wëssenschaftler vum Arecibo-Radioteleskop e Message an de Weltraum geschéckt. Dëse Projet ass allgemeng als Arecibo-Message bekannt.

Den Drake huet iwwer 150 Artikelen a Bicher, ënner anerem 1984 mam Dava Sobel als Co-Auteur d'Buch Signaler vun anere Welten (engl. Is anyone out there?) geschriwwen.

1983 gouf den no him genannte Frank Drake Planetarium zu Norwood (Ohio) ageweit, 2015 gouf en Asteroid no him genannt: (4772) Frankdrake.

Engagement

Vu senger Jugend un hat sech de Frank Drake mat extraterrestreschem Liewe beschäftegt. Hien ass deen éischte Mënsch an der Geschicht, dee systematesch mat Hëllef vu Radioteleskopen no ausserierdescher Intelligenz am Universum fuerscht. Duerch seng Initiativ goufen en ettlech SETI-Projete an d'Liewe geruff, dat bekanntst an erfollegräichst ass SETI at home.

Kuckt och

Frank Drake: Liewen, Wierk, Engagement  Portal Astronomie

Um Spaweck

Tags:

Frank Drake LiewenFrank Drake WierkFrank Drake EngagementFrank Drake Kuckt ochFrank Drake Um SpaweckFrank Drake19302. September202228. MeeAstronomAstrophysikerChicagoKalifornienVereenegt Staate vun Amerika

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

LübeckZentralasienHotel Grand-ChefLuxtram-Linn T1Selena Quintanilla-PérezNobressartSpuenien1827Lëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm26. AugustChristoph KolumbusJapanLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenUn der AtertFoussgängerbréck um KierchbiergCristiano Ronaldo1788The Choppy Bumpy Peaches20031934Stater TramJosy BraunCommonwealth of NationsUkrainChaildJoseph KutterArcheologieFoussball-Weltmeeschterschaft 2010Sarah SchreiberBundesstaat vun den USAKonschtBelizeThéodore EberhardKleeschenUS-DollarApple MacintoshatucbPaul WilwertzSchëld E, 21eKënzegBenny QuickLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergGemeng VeianenSiegfried I. vu LëtzebuergLëtzebuerger ConstitutiounRepublican Party (USA)Lionel MessiGuernicaLiège-Bastogne-Liège 2019SowjetuniounD'Maus KettiMichel GehrendGeorge S. PattonChauvet-Hiel19. SeptemberUEFA2016Naturschutzgebitt SaueruechtFrancis of DeliriumFernand Mertens2002NidderkäerjengTransport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-AlzetteVietnamWestafrika2006InternetArgentinienLëtzebuergeschJosy Johanns.jpAngelsbiergNorbert Campagna🡆 More