De Fernand Théato, gebuer de 16.
Februar">16. Februar 1940 a gestuerwen den 8. Juni 2012 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
Fernand Théato | |
---|---|
Gebuer | 16. Februar 1940 |
Gestuerwen | 8. Juni 2012 |
Aktivitéit | Historiker |
De Fernand Théato hat den Elektrikerberuff geléiert an ass 1962 als Handwierker am Elektrizitéitswierk an der Stad ugestallt ginn. No der Militärzäit an der Meeschterprüfung huet en am Mee 1965 eng berufflech Carrière als Expéditionnaire administratif am Service de l'Architecte bei der Bautepolice ugefaangen.
Hien huet sech en Numm gemaach als Botschafter vum Pafendaller Quartier, deem seng Geschicht e bis an all Detail kannt huet. Hien huet och eng Rei Publikatiounen zum Theema Pafendall gemaach. Beim Stater Syndicat d'initiative war hien och Touriste-Guide.
Hie war der Rei no Grënnungsmember, President, Vizepresident an Éierepresident vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff.
Hie war laangjärege Sekretär vum Männergesankveräin Sang & Klang Pafendall an Archivist a Verwalter vum Veräinssall.
Hi war och President vun der Pafendaller Kierchefabréck.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fernand Théato, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.