D' Feldmouk oder Gaardemouk (Bufo bufo), dacks einfach Mouk, ass e Fräschlurch aus der Gattung vun den Echte Mouken bannent der Famill vun de Mouken (Bufonidae).
Mouk | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Weibchen | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Bufo bufo „Linnaeus“ 1758 |
Bei de Feldmouken a Mëtteleuropa gëtt de Männche bis zu néng Zentimeter laang, d'Weibche bis zu zwielef. Si weien tëscht 30 a 50 Gramm (Männchen) resp. tëscht 50 und 100 Gramm (Weibchen), och alt bis zu 150 Gramm, wa se voll Eeër sinn.
Hire Kierper huet uewendrop warzeg Hautdrüsen an e breede ronne Kapp, op deem sengem hënneschten Deel op den zwou Säite bounefërmeg Drüsen (Parotiden) sinn, an deenen e Gëft ass, dat Friessfeinden ofwiere soll. Uewendrop si se meeschtens gro- bis routbrong; d'Männercher sinn heiqnsdo schwaarzbrong oder och alt hell-leemfaarweg, iwwerdeems d'Weibercher éischter réitlech Téin hunn. Männchercher kënnen och donkel Flecken hunn. Ënner dem Bauch sinn d'Mouke knaschteg-wäiss, mat gro-schwaarze Flecken. D'Pupille sinn horizontal elliptesch geformt, d'Iris huet eng koffer- bis goldrout Faarf.
Mouken hu relativ kuerz hënnescht Been a beweege sech op véier Patte virun, wann et méi séier muss goen, maache se kleng Spréng. D'Männercher hunn eppes méi kräfteg viischt Been, an e méi flaache Kapp wéi d'Weibercehr a bleiwen, wéi gesot, méi kleng wéi déi.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Feldmouk, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.