D'Dräi Tierm, och alt Porte du Pfaffenthal genannt, gehéieren zu den eelste Bauwierker an der Stad Lëtzebuerg.
De mëttleren, véiereckegen Tuerm war en Deel vun der zweeter Stadmauer a gouf ëm 1050 gebaut. Déi zwéi ronn baussenzeg Tierm koume warscheinlech Mëtt vum 13. Joerhonnert dobäi.
D'Nordsäit vun den Dräi Tierm | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'45,108"N, 6°8'0,204"O |
Datum vum Bau | 1050 (julianesch) |
Datt d'Tierm beim Schleefe vun der Festung net och hu missen dru gleewen, féiert de Roger Bour drop zeréck, datt se deemools nach bewunnt waren. De Capitaine Weydert vun der Fräiwëllegekompanie huet do bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert gelieft.
D'Tierm hu spéiderhin als Prisong gedéngt an et heescht datt d'Guillotine, wa se net grad anzwousch gebraucht gouf, do ënnerbruecht war.
Nach haut droen d'Giichtercher am Prisong vu Schraasseg um Kollie vun hirer Uniform den Emblème mat den Dräi Tierm.
D'Tierm selwer kënnen net besicht ginn, mä sinn en Unzéiungspunkt fir d'Touristen déi d'Stad besichen. Virum Gebai, beim Spueneschen Tiermchen, do wou d'Montée de Pfaffenthal op de Boulevard Jean-Ulveling an de Boulevard Victor-Thorn stéisst, huet een eng schéi Vue op de Pafendall an op de Kierchbierg.
Commons: Dräi Tierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |||
Gréngewalder Front Tréierer Front Diddenuewener Front Neipaartsfront Paarten, Schleisen a Brécken |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dräi Tierm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.