Der Name der Rose ass e Film vum Jean-Jacques Annaud aus dem Joer 1986 mam Sean Connery a Christian Slater an den Haaptrollen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Der Name der Rose. Fir d'Buch vum Umberto Eco, kuckt wgl. Il nome della rosa. |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Italien / Frankräich / Däitschland |
Produktiounsjoer | 1986 |
Première | 16. Oktober 1986 |
Dauer | 126 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Englesch / Latäin |
Ekipp | |
Regie | Jean-Jacques Annaud |
Dréibuch | Umberto Eco Andrew Birkin Gérard Brach |
Fotografie | Tonino Delli Colli |
Musek | James Horner |
Schnëtt | Jane Seitz |
Costumedesign | Gabriella Pescucci |
Produzent | Bernd Eichinger |
Produktiouns- gesellschaft | Constantin Film, France 3, Rai, ZDF |
Schauspiller | |
Sean Connery als William vu Baskerville F. Murray Abraham als Bernardo Gui Christian Slater als Adson vu Melk Michael Lonsdale als den Abt Valentina Vargas als d'Meedchen Feodor Chaliapin Jr. als Jorge de Burgos Ron Perlman als Salvatore Helmut Qualtinger als Remigio Volker Prechtel als Malachia Vernon Dobtcheff als Hugh of Newcastle Peter Berling als Jean d'Anneaux | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Mir schreiwen d'Joer 1327 vun eiser Här. No engem mysteriéisen Doudesfall an enger Benediktiner- Abtei sinn d'Pateren iwwerzeegt, datt d'Apokalyps net wäit ewech ass. Well awer e Konzil an der Abtei usteet, wou den Abt (Michael Lonsdale) en Treffen tëscht enger Franziskaner- an enger Delegatioun vum Poopst arrangéiere soll, fir doriwwer ze schwätzen, wéi räich d'Kierch eigentlech däerf sinn, gëtt de Franziskanerpater William vu Baskerville (Sean Connery), erbäigeruff, fir bei der Opklärung vum Doudesfall ze hëllefen, éier den illustre Besuch ukënnt.
Mä ouni datt deen een Doud opgekläert gëtt, stierwen nach eng Partie aner Pateren e mysteriéisen Doud, an de William a säi jonken Noviz Adson vu Melk (Christian Slater) kommen engem Geheimnis vun der Abtei op d'Spur, wat dës léiwer verstoppe géif. Donieft kréie si och nach mat der helleger Inquisitioun ze dinn, a si hunn all Hänn voll ze dinn, fir dës vun der Onschold vu "Ketzer" z'iwwerzeegen.
William vu Baskerville: Adso, if I knew the answers to everything, I would be teaching theology in Paris.
Jorge de Burgos: Christ never laughed.
William vu Baskerville: Can we be so sure ?
Jorge de Burgos: There is nothing in the Scriptures to say that he did.
William vu Baskerville: And there's nothing in the Scriptures to say that he did not.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Der Name der Rose, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.