D'Departement Isère ass dat franséischt Departement mat der Uerdnungsnummer 38.
Isère (38) | |
---|---|
Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes |
Prefecture | Grenobel |
Ënnerprefecture | La Tour-du-Pin Vienne |
Bevëlkerung | 1 172 000 Aw.(2005) |
Fläch | 7 431 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantonen | 58 |
Gemengen | 533 |
Et läit an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes am Südoste vu Frankräich an huet den Numm vum Floss Isère.
D'Awunner vum Departement ginn „Isérois“ genannt.
Den Departement Isère grenzt un d'Departementer Rhône, Ain, Savoie, Hautes-Alpes, Drôme, Ardèche a Loire.
Den Departement Isère gouf de 4. Mäerz 1790 gegrënnt, opgrond vum Gesetz vum 22. Dezember 1789. Et ass en Deel vun der fréierer franséischer Provënz Dauphiné. De Grenzverlaf mam Departement Rhône gouf e puermol geännert (1852, 1967 an 1971) wouduerch d'Isère 421 km² a 466 000 Awunner verluer huet.
De „Conseil général“ vun der Isère gëtt momentan presidéiert vum André Vallini (PS).
Den Departement ass an 13 Deeler opgedeelt mat enger „Maison du conseil général“ an all Deel, wou den Awunner d'Servicer vum Conseil Général ugebuede ginn:
Arrondissement | Awunner (1999) | Fläch (km²) | Bevëlkerungsdicht | Kantonen | Gemengen |
---|---|---|---|---|---|
Grenobel | 696.326 | 4715 | 148 | 39 | 297 |
La Tour-du-Pin | 212.987 | 1479 | 144 | 11 | 137 |
Vienne | 184.693 | 1237 | 149 | 8 | 99 |
An der Isère sinn e sëllege Wantersportstatiounen, wéi Alpe d'Huez, Chamrousse, les Deux Alpes, Villard-de-Lans, Les 7 laux, Autrans asw.
D'Vollekszielung vum 8. Mäerz 1999 verréit datt 10,2 % vun de Wunnenge vum Departement als „résidence secondaire“ benotzt ginn an deemno nëmme geleeëntlech bewunnt sinn.
Commons: Isère – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Departement Isère, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.