Fir hir Interpretatioun vun der Helen Kane am Film Three Little Words, krut si 1950 eng Nominatioun fir de Golden Globe Award als bescht Nowuesstalent, an hiren Duerchbroch als Haaptactrice hat si mam Musical Singin' in the Rain (1952). Weider grouss Succèse waren The Affairs of Dobie Gillis (1953), Susan Slept Here (1954), Bundle of Joy (Nominatioun fir e Golden Globe 1956), The Catered Affair (1956) an Tammy and the Bachelor (1957), wouvun hir Interpretatioun vum Lidd "Tammy" Nr. 1 an de Billboard music charts gouf. 1959 huet si hiren éischte Popmusek-Album, Debbie, erausbruecht.
Filmer, an deene se d'Haaptroll hat, waren ë. a. How the West Was Won (1963), The Unsinkable Molly Brown (1964), The Singing Nun (1966), Divorce American Style (1967), What's the Matter with Helen? (1971), Mother an In & Out (1997). Si huet och a Cabarete mategespillt an hat 1969 hat hir eegen Televisiounsemissioun, The Debbie Reynolds Show. Si huet an den 1970er Joren a verschiddene Broadway-Musicalen an Theaterstécker matgespillt, (dorënner Irene (1973) an A Gift of Love (1999)), sou wéi a populären Tëleesserien bis an d'2000er Joren eran. 2015 krut se de Screen Actors Guild Life Achievement Award.
Als Geschäftsfra huet si 1979 den Debbie Reynolds Dance Studio zu North Hollywood gegrënnt, an hat en Hotel an e Casino zu Las Vegas.
2013 huet si hir Memoiren Unsinkable: A Memoir erausbruecht.
Si war dräimol bestuet: vun 1955 bis 1959 mam Sänger Eddie Fisher, mat deem se zwee Kanner, dorënner d'Carrie Fisher, hat, vun 1960 bis 1973 mam Geschäftsmann Harry Karl, a vun 1984 bis 1996 mam Immobiliepromoteur Richard Hamlett.
Filmographie
Kino
1948: June Bride - Regie: Bretaigne Windust - Haaptacteuren: Bette Davis, Robert Montgomery
1950: The Daughter of Rosie O'Grady - Regie: David Butler - Haaptacteuren: June Haver
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Debbie Reynolds, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.