D'Weesekanner op der Schueberfouer, an der deemoleger Schreifweis D'Wésekanner op der Schueberfo'er, ass e lëtzebuergeschen Documentaire a Kuerzfilm vum Pierre Bertogne aus dem Joer 1936.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 1936 (Originalversioun) 1998 (restauréiert Versioun) |
Dauer | 10 min (restauréiert Versioun) |
Originalsprooch | Originalversioun: ouni Toun Restauréiert Versioun: Lëtzebuergesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Pierre Bertogne |
Fotografie | Pierre Bertogne an Alfred Heinen |
Musek | Restauréiert Versioun: Jeannot Sanavia |
Schnëtt | Restauréiert Versioun: Stéphane Caboche |
Produzent | Restauréiert Versioun: Joy Hoffmann a Viviane Thill |
Produktiouns- gesellschaft | Restauréiert Versioun: CNA |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Film weist wéi ronn 420 Weesekanner aus dem ganze Land en Nomëtteg op der Stater Schueberfouer verbréngen. D'Kanner aus den Heemer vun den Elisabethinnen an de Schwëstere vun der Doctrine chrétienne maachen eng éischt Etappe beim Roude Pëtz, wou se vun der Confiserie François Bertogne an der Groussgaass Séissegkeete geschenkt kréien. Op d'Schueberfouer kommen och d'Kanner aus den Heemer vun Izeg a Gréiwemaacher dobäi an et gesäit ee Perséinlechkeeten aus där Zäit, déi den Oeuvre des orphelins luxembourgeois ënnersëtzt hunn, dorënner de Siggy vu Lëtzebuerg (Lucien Koenig). Da gesäit een d'Kanner op de mechaniséierte Spiller, wéi engem Karussell oder de Virgänger vun de Knuppautoen, a beim Zirkus. Gewise ginn och d'Frittebud vum Josy Comes a Stänn mat Séissegkeeten.
De speziellen Dag op der Schueberfouer fir d'Weesekanner gouf schonn zënter 1919 all Joer organiséiert. De Pierre Bertogne huet d'Opnamen de 4. September 1936 gemaach. Hie war de Jong vum François Bertogne, deen d'Confiserie an der Groussgaass hat, an hat selwer e Fotosbuttek e puer Meter méi wäit an der selwechter Strooss. Aner Zeene goufe vum Pierre Bertogne a sengem laangjärege Mataarbechter Alfred Heinen festgehalen.
De Film zielt zu den éischte faarwege Filmopnamen zu Lëtzebuerg.
De Centre national de l'audiovisuel (CNA) huet de Film 1998 nei zesummegeschnidden a vertount, gläichzäiteg mat dem Evy Friedrich sengem La journée des orphelins (1931). An déi restauréiert Versioun goufen och e puer Opname vu der Schueberfouer aus dem Joer 1929 vum Mathias Quaring agebaut. Zu de vum Quaring gefilmten Zeenen zielen och déi vun enger Vëlkerschau, bei där afrikanesch Männer, Fraen a Kanner als Attraktioun "ausgestallt" goufen.
An der restauréierter Versioun ass den Ed Kohl de Spriecher. Och dem Alex John seng Stëmm ass ze héieren; hie liest Auszich aus der lëtzebuergescher Press op Däitsch vir. D'historesch Nofuerschunge fir den CNA huet de Paul Lesch gemaach.
Déi restauréiert Versioun gouf 1998 op der Televisioun am Kader vun der Emissioun Films Made in Luxembourg - Biller aus Lëtzebuerg gewisen. 1999 gouf de Film an der Maison du Grand-Duché de Luxembourg zu Bréissel gewisen. Dofir huet de CNA eng Versioun op Franséisch produzéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article D'Weesekanner op der Schueberfouer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.