D'Clotilde Joano, gebuer als Clotilde Rabinovitch den 3.
Januar">3. Januar 1932 zu Genf a gestuerwen den 23. Mäerz 1974 zu Milly-la-Forêt, war eng franséisch Schauspillerin.
Clotilde Joano | |
---|---|
Gebuertsnumm | Clotilde Rabinovitch |
Gebuer | 3. Januar 1932 Genf |
Gestuerwen | 23. Mäerz 1974 Milly-la-Forêt |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller |
Zu Paräis huet d'Clotilde Joano Schauspillercourse beim Charles Dullin, bei der Tania Balachova a beim Michel Vitold geholl.
Ënner der Direktioun vum Roger Planchon huet si ënner anerem an den Theaterstécker Henri IV a Falstaff vum Shakespeare an a George Dandin vum Molière matgespillt.
Am Joer 1960 huet si am Kino hir éischt Roll am Film Les bonnes femmes vum Claude Chabrol gespillt. Weider interessant Filmer mat hir sinn Z (1969) vum Costa-Gavras a Le diable par la queue vum Philippe de Broca.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Clotilde Joano, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.