Clairefontaine, op Lëtzebuergesch Baardebuerg oder och Badebuerg ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Arel.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Clairefontaine an der Gemeng Arel. Fir aner Säite mat deem Numm, kuckt wgl. Clairefontaine. |
Clairefontaine lb: Baardebuerg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Arel |
Gemeng | Arel |
Koordinaten | 49° 39’ 58.90’’ N 05° 51’ 58.45’’ O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6700 |
Virun der Belscher Gemengereform vun 1977 huet Clairefontaine zur Gemeng Nidderelter gehéiert.
Westlech vun der eigentlecher Uertschaft, just virun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz, stinn d'Gebaier vun der fréierer École apostolique vun den Häerz-Jesu-Pateren, déi 1986 zougemaach huet. Zanterhier ass do e Centre de rencontre vun den Häerz-Jesu-Pateren ageriicht, wou Retraiten, Konferenzen a soss Coursen (z. B. Virbreedung op d'Bestietnes) organiséiert ginn.
D'Uertschaft ass haaptsächlech duerch d'Abtei bekannt, déi d'Gräfin Ermesinde do wollt grënnen. D'Klouschter gouf tatsächlech awer eréischt vun hirem Jong, dem Hari V., genannt "de Blonden" ("le Blondel"), gebaut. D'Ermesinde gouf allerdéngs do begruewen, wéi si dat gewënscht hat. Spéider hat och de Jang de Blanne vir, sech do begruewen ze loossen, mä et koum anescht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine).
Clairefontaine huet bis zur Belscher Revolutioun (1830-1839) zur Par a Gemeng Äischen-Habscht gehéiert. Wéi awer d'definitiv Grenz tëscht dem jonke belsche Staat an dem Rescht-Groussherzogtum op der Londoner Konferenz gezu gouf, koum Clairefontaine bei d'belsch Gemeng Nidderelter. E Schmelzhär, Simonet genannt, dee säi Betrib ëstlech vun der eigentlecher Uertschaft hat, beim Zesummefloss vun der Diirbaach a vun der Äisch, hat sech besser Geschäftsperspektiven an der Belsch wéi am verklengerte Grand-Duché virgestallt. Duerch säin Afloss bei dem engen oder anere belschen Diplomat bei der Londoner Konferenz koum et deemno dozou, datt déi ganz Uertschaft, bis bei d'Äisch, der Belsch zougeschloe gouf. Wat d'Zukunftsperspektive vum Simonet sengem Betrib ugoung, do hat den Här sech grëndlech verrechent, well déi nei Zollgrenz huet him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, an de ganze Betrib ass verfall. Spéider goufen d'Gebaier dann d'éischt vun Dominikanerinne benotzt, duerno vun Häerz-Jesu-Pateren als École apostolique.
Parallel zu der Haaptstrooss leeft d'Diirbaach (ruisseau de Clairefontaine), déi vu Waltzing erfort kënnt, an direkt hanner der fréierer École apostolique vu Clairefontaine an d'Äisch leeft, déi a Richtung Äischen weiderfléisst.
Commons: Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |||
Sektiounen: Arel • Nidderelter • Bunnert • Giisch • Häischel • Ternech |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Clairefontaine (Arel), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.