Dofir kann dat Lemma net geännert ginn, dees, den Haff Schmalen-Brouwer géif seng Produkter ëmbenennen/anesch schreiwen - wat bis ewell net de Fall ass (cf.: http://www.berdorfer.lu/joghurte.html )
--Zinneke 22:24, 11. Dez. 2011 (UTC)
Villmools Merci dass du opgepasst hues. Deet mer Leed, ech kucken no fir d'Orthographie nëmmen a verschidde Fäll ze verbesseren.
Gutt Aarbecht du hues alles ass scho verbessert ;).
Salut, lo ass se dran. --Les Meloures 16:19, 27. Dez. 2011 (UTC)
Du hues d'Ausdréck Nobbes a Nilles am Artikel Jéinesch erkläert. Ginn et dofir iergendwéi Quellen, wou dat sech nopréiwe léisst?
Esouwäit ech jéinesch vestinn, gëtt fir d'Suen "Kitten" gesot an de "Nilles" ass e Sak an am iwwerdroene Sënn och eng Täsch.
--Pecalux (Diskussioun) 06:52, 15. Nov. 2012 (UTC)
Salut Soued31,
Ech fannen et keng Gutt Iddi fir eng grouss Zuel vun Ännerunge mat Hëllef vum tool AWB ze maachen wann et dozou keng kloer Matdeelung respektiv Diskussioun Um Stamminee oder soss ginn huet. Mir schéngt et och wéi wann op der Säit Wiki: Wierder,_deenen_hir_Schreifweis_net_kloer_ass#Fotografie.2C_Lithografie.2C_Serigrafie_a.s.w. keen eendeitege Konsens fonnt gi wier fir watfireng Wierder dann elo de 'ph' bestoe bleift a firwat fir eng net.
Des weidere waren eng ganz Rei Wikipedianer sech op der leschter Begéignung virun enger Woch eeneg datt bäi Wierder wou et 2 Schreifweise gëtt oder wou d'Schreifweis net kloer ass mir keng Verbesserung vun alle säit e maache wëllen. D'Wikipedia ass nun eben emol net dat offiziellt organ dat iwwer déi lëtzebuergesch Schreifweis decidéiert.
mat beschte Gréiss
Moien,
a merci fir dass de orthographesch Onlogiken opspiere gees. Kinns De se just systematesch als "kleng Ännerunge" markéieren (kleng Case ënne virum Ofspäicheren uklicken, kann ee sech et och als "Default" a sengen Astellunge setzen); dat mécht Aneren d'Nokucken an de Rezenten Ännerunge méi einfach. Merci, --Zinneke (Diskussioun) 18:56, 27. Mäe. 2013 (UTC).
Merci Soued031 fir däi präziist Noliesen a Verbesseren. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 22:32, 29. Mäe. 2013 (UTC)
Ech soen och Merci fir all Verbesserung.
Moie Soued031, du hues op deng Orthographiesäit higewisen. Kanns du eis dozou e puer méi Informatioune ginn: Wat heescht Kumo? Wat ass den Ënnerscheed tëschent der "Kumo-Schreifweis" a Wiki: Eis Schreifweis? An deem Kontext weisen op dem Kolléisch seng Säit hin: Richteg Lëtzebuergesch schreiwen --Sultan Edijingo (Diskussioun) 07:42, 8. Abr. 2013 (UTC)
Salut,
Sou komesch wéi et och ka schéngen, et seet ee 15 Joer an net 15 Joren. --Les Meloures (Diskussioun) 19:43, 11. Abr. 2013 (UTC)
Moien, ech gesinn, du bss am Gaang déi Faarfsuffixen ze änneren. Ech hat mech drop baséiert, datt et op Däitsch "rötlich", "grünlich" asw. ass. Firwat kréich et am Lëtzebierschen e "g" hannen? --Zinneke (Diskussioun) 10:34, 14. Abr. 2013 (UTC)
Salut; kanns de déi Regel kuerz formuléieren mat e puer Beispiller an se dann bei Eis Schreifweis derbäi setzen? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:41, 14. Abr. 2013 (UTC)
Et gëtt jo momentan vill verbessert, mee dach awer e bësse méi wéi gewéinlech verwonnert sinn ech, wann ech gesinn datt d'Kléiblat a menger Ënnerschrëft vum Code #09827 op d'Symbol geännert gëtt. De Code ass jo kee Schreiffeeler, au contraire weist en d'Kléiblat och bei deene Leit richteg un, bei deenen de Computer d'Symbol net automatesch erkennt. Muss dat also wierklech geännert ginn oder kéint een deem AWB-Programm net soen dat einfach esou ze loosse wéi et ass? --Otets 14:28, 11. Jun. 2013 (UTC)
Moien a Merci fir d'Verbësserungen am Artikel vum Poos.
"Boudéieren" géing ech awer an dësem Fall net mat "lénks leie gelooss" ëmschreiwen. Lénks leie loosse verstinn ech als ignoréieren oder méi genee "net mam Arsch bekucken". De Poos mécht de Contraire: hie motzt a protestéiert mat deem Gest géint d'Politik vun der Zeitung, hie boudéiert d'Rezeptioun ouni se lénks leien ze loossen.
De Luxogramm méngt iwwregens datt hie wërft, mä datt dir werft...
Ech wënschen eng friddlech Hënt --Jwh (Diskussioun) 21:45, 20. Jun. 2013 (UTC)
Moien,
De LOD.lu seet werfen, dat heescht datt "werfen" méi gängeg ass wéi wërfen.
Ech verstinn net wat s du ënnert "bouder" mengs. No der Definitioun vum Larousse bedeit d'Wuert: "Se détourner de quelqu'un, de quelque chose, montrer à leur égard de la réserve ou de l'hostilité" Wat der Definitioun am Däitschen änlech ass (Duden.de - schmollen): "aus Unwillen über jemandes Worte oder jemandes Verhalten gekränkt schweigen [und seine Verstimmung im Gesichtsausdruck erkennen lassen]". Wann ee schmollen / bouder antippt op LOD.lu kënnt een op motzen. Soll da léiwer motze benotzt ginn?
Merci un dir och ;). --Soued031 (Diskussioun) 06:36, 22. Jun. 2013 (UTC)
Moien, jo am Infinitif si béid sech eens: werfen. LOD.lu geet jo net méi déif.
De Luxogramm: Stammformen werfen – wërft – geworf
ech werfen
du wërfs
hie/si,hatt/et wërft
mir werfen
dir werft
si werfen
Ma lo gesinn ech datt ech dëst iwwersinn hat:
Varianten für 2. und 3. P. Sg.: werfs, werft
Watsouëmmer, den éischte Steen sollt ech secher net geheien...
Jo, bouder / motzen, de Larousse gëtt jo Beispiller: bouder un fournisseur; les électeurs ont boudé le scrutin. Mä bouder quelqu'un geet jo net mat motzen. Dofir boudéieren ech eng Reunioun oder soss eppes wéi z.B. d'Freedefeier den Owend ouni wëllen d'Diskussioun iwwer "Avion" nei op ze geheien a wënschen en dréchene Kinneksdag. --Jwh (Diskussioun) 10:45, 22. Jun. 2013 (UTC)
Bei werft hat ech eng Feelzündung. :p
Am Duden.de steet fir "liegen lassen" also op Lëtzebuergesch lénks leie gelooss als 2. Definitioun:
jemanden, etwas bewusst nicht beachten, sich um jemanden, etwas nicht kümmern
Beispiel
er hat den Kollegen einfach links liegen lassen
Wat ass mat där Gezeimark lass? --Soued031 (Diskussioun) 11:34, 22. Jun. 2013 (UTC)
Moien, no wat fir enger Regel schreiwe mer Rahm mat H amplaz vu Ram fir Sahme. Den LOD kennt just Ram ouni H.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 12:03, 1. Jul. 2013 (UTC)
Fréier housch et, en "h" deen een net héiert fält am Lëtzebuergeschen ewech. Ech fannen dat eng konsequent an einfach Regel, a wier deemno net fir eng Ausnam, mee fir Ram. Absënns wann de LOD och an déi Richtung geet. --Otets 15:55, 1. Jul. 2013 (UTC)
A wéi wier et wa mer Ra(h)m géife Schmant nennen? --Soued031 (Diskussioun) 16:14, 1. Jul. 2013 (UTC)
Moien och. Iwwer de Lemma Rahm war 2007 schonn eng Kéier diskutéiert ginn. Deemols hunn 3 Dictionnairë Rahm proposéiert. (DFL, DLW a Luxdico). Vu datt den LOD nach heiansdo seng Meenung ännert an och nach net als dat Standartwierk ofgeseent ass, géif ech emol keng Ännerunge maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:34, 1. Jul. 2013 (UTC)
Otets ech hu lo grad nach eng Kéier d'Gesetz vun 1999 gekuckt an ech fannen de Paragraph iwwer den Ausdehnungs-h net. Wou hues du e fonnt? De LuxDico huet béid Schreifweisen. --Soued031 (Diskussioun) 16:44, 1. Jul. 2013 (UTC)
Remoien, Ech fannen et och spaasseg datt sech bei esou Diskussiounen am Ufank ëmmer nëmmmen op een Dictionnaire baséiert gëtt, a mol net d'Diskussioun vum Lemma nogekuckt gëtt. Wéi wier et wa mol amplaz ze diskutéieren e bësselchen doruechter verbessert géif. Menger Schätzung no dierften nach eng ronn 50.000 Feeler op der Wiki stoen. Do bleift nach jett ze dinn. Eng ronn 53.000 goufen an de leschten 3 Méint verbessert (Informatioun um Rand, fir de Fall wou et kengem soll opgefall sinn.) --Les Meloures (Diskussioun) 17:04, 1. Jul. 2013 (UTC)
Pass op, däi Bot mécht Feeler, notamment beim Fernand Fehlen. Wat ech gesinn hunn hunn ech scho réckgängeg gemat. --Otets 15:31, 3. Jul. 2013 (UTC)
Merci fir Deng Verbesserungen vum Text! :o) --Claude Schomer (Diskussioun) 21:12, 4. Jul. 2013 (UTC)
Skype ??
Mell dech emol nach eng Kéier séier op Skype wann ech gelift. -Les Meloures (Diskussioun) 18:15, 7. Aug. 2013 (UTC)
Moien, d'Iwwerschrëft weist, woumat ech e Probleem hunn: Well /-eg/ um Enn automatesch als [ɘχ] ausgeschwat gëtt sinn ech der Meenung, datt d'Ännerung vu "Kolleeg" op "Kolleg" net ganz glécklech ass. Ech giff allgemeng proposéieren, fir Ännerungne, déi net offensichtlech Schreiffeeler als Zil hunn, unzekënnegen, ier se gemaach ginn, sou datt een dozou wann néideg säi Pefferkär bäidroe kann.
bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 12:05, 15. Okt. 2013 (UTC)
Moien, alles Gudds nach eng Kéier hei. Wou ech elo sinn, hunn ech kee Skype. Fréistens moar de muere vun 11 Auer un. Du misst mer och soen, ënner wat fir engem Numm ech Dech do ka fannen.
bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:16, 3. Jan. 2014 (UTC)
können Sie mir helfen?? --Weltenlängstezusammengesetzteswort (Diskussioun) 19:16, 16. Feb. 2014 (UTC)
Moien, villmools Merci! Dat gesäit ganz flott aus! Ech hunn et op d'Säit Wiki: WikiProjet Haaptsäit eriwwerkopéiert, well jidderee soll kënne matschwätzen, net just mär zwéin. Ech selwer wollt och nach en Entworf maachen (e bësse manner faarweg), an da ka jidderee matdiskutéieren, bis mer déi optimal Versioun fonnt hunn.
Merci nach eng Kéier, an e schéine WE!
Wiki: De Staminee#Gebongt. Hoffen, Du kanns och kommen.--Zinneke (Diskussioun) 14:33, 11. Mäe. 2014 (UTC)
Hat net gesinn datt s du et wars, dofir hunn ech elo op menger eegener Säit geäntwert. Mäi leschten Update huet iwwregends geklappt. --Otets 15:04, 8. Abr. 2014 (UTC)
Moien, wann's Du Loscht an Zäit hues: do ginn et nach en etlech Biographien. Merci a vill Spaass. --Jwh (Diskussioun) 20:16, 20. Jun. 2014 (UTC)
Salut, kanns du der dat hei Bild mol ukucken an dann och vläicht de Feeler verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 09:04, 7. Nov. 2014 (UTC)
Hallo Soued031, ich habe auf der deutschen, englischen und lëtzebuergeschen Artikelversion ein paar neue Bilder verlinkt. Könntest du vielleicht auf der letzteren die Bildunterschriften ergänzen? Danke und Grüße --HReuter (Diskussioun) 23:23, 15. Nov. 2014 (UTC)
Loie Soued31,
ech gesinn, du geheis déi Iwwerschrëften zu Geschicht a Geographie an Uertschaftsartikelen eraus, wou (nach) näischt derzou steet. Dat fannen ech absolut keng gutt Iddi: Wèi soll een op de Gedanke kommen, zu sengem Dierfchen eppes ze schreiwen, wann den Artikel den Androck gëtt, alles stéong drta, wat gebraucht géif? Eng eidel Iwwerschrëft adodergéint ass qusi ss eng Invitatioun (wann s D'esou wëlls: eng kleng Provokatioun duerch Absenz), do e Saz hinzeschreiwen. Dofir wier ech frou, du giffs déi stoe loossen.
An allgemeng wier et gutt, wa strukturell Aarbechte gemaach ginn, dat fir d'éischt um Stamminee ze diskutéieren oder op d'mannst unzekënnegen an z'erklären.
Merci fir däi Versteesdemech.
--Zinneke (Diskussioun) 16:45, 6. Abr. 2015 (UTC)
Kanns de mer en op meng Mail schécken? --Les Meloures (Diskussioun) 10:35, 17. Abr. 2015 (UTC)
Just eng Fro, betr. Eifeler Reegel bei : e «franséische Pällem». Laut der Grammaire vu Schanen & Zimmer, S. 286 soll den «-n» erhale bleiwen devant des signes conventionnels signalant des citations et mises en évidence (comme les guillemets …). Deemno miisst et eigentlech och bei mengem «franséische Pällem» esou sinn, also : en «franséische Pällem» an net : e «franséische Pällem». Oder hunnn ech dat falsch verstanen?
Korrekt also: en "franséische Pällem" (verhal der dat einfach sou, an zwar du méchs eng Paus nodeem s du "en" sees an duerno sees du "franséische Pällem"). A pass och op: "franséisch Mandelen" ginn (hei selwecht keen Eifeler). Fir datt dach nach den Eifeler gëllt muss du einfach d'Gänseféisercher ewechhuelen. PS: Du hues gutt opgepasst ;) freet mech ze gesinn datt sech d'Wikipedianer ëmmer méi Suergen ëm d'Orthographie/Grammaire maachen.
Moien,
ech hunn extra nogekuckt: am LWB (Bd. 4, S. 99b, schafen bis Schak) steet kloer an däitlech, de Perfekt vu "schafen" ass "geschaf, geschaf, geschafen". Ech gesinn dofir den Zweck net an, alles op eng Form änneren ze wëllen, wann dat, wat do steet/stoung, richteg ass? --Zinneke (Diskussioun) 14:53, 30. Okt. 2015 (UTC)
Moien, Am LOD steet fir schafen, geschaf a geschafen awer fir d'zesummegsat Verbe mat "schafen" steet geschaf souwéi bei ofgeschaf. Et steet also ni geschaf als Participe am LOD. Et ass och méi einfach wann een de Participe geschaf benotzt fir als Adjektiv ze conjugéieren. Den ofgeschafenen Departement VS Den ofgeschafen Departement.
Moien,
Du has et vläit net gesinn: de Samschden, 21. Mee, hu mer eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Vläit kanns D'och kommen? Dro dech da vläit just um Stamminee an.
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 20:05, 12. Mee 2016 (UTC)
Hallo, wollte Sie bitten den o.g. Artikel von Deutsch auf Letzeburgisch zu übersetzten und in die letzeburgische Wikipedia hinzufügen. Der Artikel auf Deutsch ist nur ca. 10 Sätze gross, und die Übersetzung dürfte nicht allzu viel Aufwand und Zeit kosten. Vielen Dank im voraus, und alle Gute!
Moien,
ech schrouf et schonns dem Les Meloures sengem Bot: Op dëser Säit (a vläit och op anerer) ass eppes duerch (fir mech) mysteriéis Code-Ännerunge béis verrëtscht. Kinns Du och emol kucken, w.e.gL.?
Merci, --Zinneke (Diskussioun) 11:02, 28. Aug. 2017 (UTC)
Moie Soued,
ech gesinn, du ersetzs am grousse Stil doruechter d'Taggen
PS: A wann "center", firwat net bei "right", "left" asw.
PS: Op der Säit vum Organismus W3C dee sech ëm de Standard këmmer steet: [1]
HTML Reference
The
element was introduced in HTML 3.2 - Block elements. It has been deprecated since HTML 4 - 15.1.2 Alignment. HTML5 classifies it as a non-conforming feature.
Examples
No, really, don't use it.
Could you please put an example of the new system for the infoboxes so that I can use it? I will try to change the ones I made into that system so as to avoid creating more jobs. --Katxis (Diskussioun) 08:51, 6. Sep. 2017 (UTC)
Sorry for bothering, could you check whether the template I added on Schluecht beim Trasimeno-Séi is correct? --Katxis (Diskussioun) 12:15, 7. Sep. 2017 (UTC)
Moie Soued an Zinneke,
Hi. Is it technically possible to add this template into structures of biography infoboxes, and in such a way to display it after all the article text? Just in order not to massively add it to all personality-related articles. Thanks, --Wolverène (Diskussioun) 19:13, 21. Jan. 2018 (UTC)
Moien. Ech sot mir well mir jo dat fir d'Pandemie benotze kéinte mir et och fir d'Awunner benotzen. Am Ament ass et en Test. Wat mir guer net geet ass d'Prezisioun vum Dag (déi wichteg ass op Wikidata) awer net fir eis op der Wiki. Soss ech weess net wat een nach kéint driwwer diskutéieren ech maachen et da muer soubal ech Zäit hunn um Staminee. Bescht Gréiss a schéinen Owend, Soued031 (Diskussioun) 21:20, 21. Abr. 2020 (UTC)
Moien, kinns de, wann s de eis hei d'Méiglegkeet ewechméchs, d'Awunnerzuel iwwer eng vun eise Säiten (oder dës Schabloun) upzedaten, op Wiki: WikiProjet Gemengen e klengt Kapitel hischreiwen, wou (a wéi) een dat dann elo maache muss (am beschten mat engem Link). Merci. --Zinneke (Diskussioun) 17:07, 22. Jan. 2018 (UTC)
Moien. Du hues do nawell vill erausgeholl aus dem Code. Gréisst, Gewit an Oefoarf waren net nëmme fir Sportler, mee och fir Modelen a souwäit ech mech erënnere Schauspiller. Ech gleewen net datt dat de Code méi liesbar mécht fir Leit déi sech generell mat Code net auskennen, deemno géif et kengem wéidonge wann dat fir déi zwou Aktivitéiten drableiwe giff, souguer wann et leider net fir all concernéiert Biographie e Resultat gëtt. Wat ech awer nach manner verstinn ass firwat bei de Biller de Code méi oarmséileg gemat gouf, lo gëtt kee méi opgefuerdert eng Foto eropzelueden (wat bäi Al Ginter, Gust Graas, Pol Greisch etc. etc. awer duerchaus Erfolleg kéint hunn oder eis op d'mannst uweist (iwwer d'Lëscht wou d'FotoGewënschtBild agebonnen ass) wou mer selwer nach Fotoe ma goe mussen), an d'Info vu wéi engem Joer e Wikidata-Bild ass déi ass och fort obwuel et dach interessant ass ze wëssen aus wéi enger Schafensperiod e Bild ass. Dee Code do fonctionnéiert en plus, a wéi gesot en deet kengem wéi (entweder et kennt ee sech mat Code aus an da gëtt een dermat eens, oder et weess een näischt an dann ass et nawell egal). Ech sinn derfir, déi Saachen nees dranzesetzen, mindestens d'Joreszuel vum Bild, mee och de Rescht fannen ech utile, an et vermécht näischt. --Otets ♣ 10:26, 26. Jan. 2018 (UTC)
Talking about {{Infobox Biographie (Model)}}. Many needed parametres are now missing. Eye colour, hair colour, bust/waistline/thighs, model agency - it's very important for models. I think most of these have wikidata properties. --Wolverène (Diskussioun) 17:34, 26. Jan. 2018 (UTC)
I didn't see any discussions !.. I think another three variants are not OK as being "too English" and not adapted to the language. --Wolverène (Diskussioun) 17:00, 22. Jun. 2018 (UTC)
Mir fiel auf, dass Du eine 'local function' eingebaut hast, die IMDb-Einträge anzeigt. Das möchte ich auch gerne auf frrwiki erreichen: frr:Modul:Normdaten, z.B. für den Regisseur frr:Hark Bohm. Ein einfacher Eintrag ins Modul scheint nicht zu reichen. Was muss ich noch bedenken? Besten Dank im Voraus für einen Hinweis! --Murma174 (Diskussioun) 18:55, 23. Nov. 2018 (UTC)
Salut Soued031,
An den Tech/News/2020/10 steet ënneranerem dëst: * wgMFSpecialCaseMainPage
was used for the mobile site. It was deprecated in 2017. It will stop working in April. Wikis should see if they use it. If they do they should fix it. You can read more and ask for help. This affects 183 wikis. There is a list. [6]" An deem entspriechende Bug am Phabricator ass d'lbwki opgezielt. Wéi ech duerno op der säit [2] nogekuckt hunn hunn ech och erausfonnt datt et bei eis keen Ënnerscheed tëschent der Versioun [3] an der Versioun [4] an datt mir déi néideg Erweiderung TemplateStyles op der lbwiki installéiert ass.
Et ass fir mech net kloer ob mir do elo eppes maache mussen oder ob, wëll et am Affichage vun der mobiller Versioun keen Ënnerscheed tëschent deenen zwee Affichage gëtt dat Ganzt kee Problem ass. Vläicht fënns Du jo méi eraus wéi ech? Robby (Diskussioun) 08:47, 3. Mäe. 2020 (UTC)
Moien, ech weess net op ech dës nei Tabell besser soll fannen: se ass mir perséinlech eppes ze enk an ze detailléiert. Ausserdeem hu mer an 102 weidere Gemengenartikelen anerer. Wann dat en Test soll sinn, fir s'iwwerall ze änneren, giff ech proposéieren, iers de weider fiers, dat emol um Stamminee ze beschwätzen an driwwer ofstëmmen ze loossen. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:06, 21. Abr. 2020 (UTC)
Hello Soued031, Would you write / translate the article of Isabelle de Charrière (Q123386) for the LB Wikipedia? That would be appreciated. Boss-well63 (Diskussioun) 14:53, 21. Okt. 2020 (UTC)
Hey Soued031, according to the revision histories, you have created both Schabloun:Infobox Biographie (Mannequin) and Schabloun:Infobox Biographie (Sportler) which use d:Property:P2094 from Wikidata. Problem is that this Wikidata property was never intended to be used on data item about humans. I am currently tidying up the incorrect use, and figured out that lbwiki has some uses of the incorrect data model via your templates.
So, what to do? I am not sure about the models, as those should usually not use the P2094 property on data items at Wikidata anyways. You can probably simply remove the field from the model template and nothing is lost. For the sportspersons, however, the remaining uses are being moved from d:Property:P2094 ("competition class") to d:Property:P2416 ("sports discipline competed in"). It would probably be the most reasonable fix to just switch to that property instead of P2094 in the template as well.
As I am not a user of this wiki and this seems to be a pretty special situation, I would prefer not to make these changes by myself. If you happen to have questions, feel free to raise them here (ping would be appreciated). —MisterSynergy (Diskussioun) 23:46, 5. Mäe. 2022 (UTC)
Bonjour! Je vous écris pour vous demander si vous avez pu voir le courriel que je vous ai envoyé le 22 janvier. Merci beaucoup pour votre temps. Rocío Mantis (Diskussioun) 12:42, 30. Jan. 2023 (UTC)
Dear interface administrator,
This is Samuel from the Security team and I hope my message finds you well.
There is an ongoing discussion on a proposed policy governing the use of external resources in gadgets and UserJS. The proposed Third-party resources policy aims at making the UserJS and Gadgets landscape a bit safer by encouraging best practices around external resources. After an initial non-public conversation with a small number of interface admins and staff, we've launched a much larger, public consultation to get a wider pool of feedback for improving the policy proposal. Based on the ideas received so far, the proposed policy now includes some of the risks related to user scripts and gadgets loading third-party resources, best practices for gadgets and UserJS developers, and exemptions requirements such as code transparency and inspectability.
As an interface administrator, your feedback and suggestions are warmly welcome until July 17, 2023 on the policy talk page.
Have a great day!Samuel (WMF), on behalf of the Foundation's Security team 12:08, 10. Jul. 2023 (UTC)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Benotzer Diskussioun:Soued031, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.