Amalfi ass eng Uertschaft vu 5.480 Awunner (2005) an Italien, an der Provënz Salerno, an der Regioun Kampanien.
Amalfi | |
---|---|
Land | Italien |
Regioun | Kampanien |
Provënz | Salerno |
Koordinaten | 40°38'0"N, 14°36'10"O |
Fläch | 5,7 km² |
Awunner | 4.729 (1. Januar 2023) |
Héicht | 6 m |
ISTAT | 065006 |
Amalfi läit un der berüümter Amalfiküst am Golf vu Salerno, ongeféier 20 km westlech vu Salerno an 30 km südlech vun Neapel. Amalfi an d'Nopeschuertschafte sinn ageschloss vu géie Bierger, soudatt dës Uertschafte schwéier vum Land aus zougänglech sinn.
Amalfi an all dës Nopeschuertschaften zéie vill Touristen un. Wonnerbar schéin ass den Ubléck vun dëser Küstesträif, vum Mier aus.
Well d'Akerland rar war, waren d'Aktivitéite vun den Awunner vun Amalfi scho fréi op d'Mier an domat op de Séihandel ausgeriicht.
De staark appréciéierte Premio Amalfi fir Soziologie a Sozialwëssenschafte gëtt all Joer zu Amalfi verginn.
Commons: Amalfi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Amalfi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.