Den Alberto Ángel Fernández, gebuer den 2.
Abrëll">2. Abrëll 1959 zu, Buenos Aires, ass en argentinesche Jurist a Politiker (Partido Justicialista). Hien ass zanter dem 10. Dezember 2019 President vun Argentinien.
Alberto Ángel Fernández | |
---|---|
Gebuer | 2. Abrëll 1959 Buenos Aires |
Nationalitéit | Argentinien |
Educatioun | Universitéit vu Buenos Aires |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser |
Partei | Partido Justicialista, Partido Justicialista |
De Fernández war vun 2003 bis 2008 ënner de Presidenten Néstor Kirchner a Cristina Fernández de Kirchner hire Chef de Cabinet. De 26. Oktober 2019 huet hien als Kandidat vun der Parteienallianz Frente de Todos d'Presidentewalen (déi zäitgläich mat de Parlamentswale waren) gewonnen. Hie gouf den 10. Dezember als neie President vereedegt.
Virdru war hie Professeur-adjoint an der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Buenos Aires.
Commons: Alberto Ángel Fernández – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alberto Ángel Fernández, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.