D'Association de soutien aux travailleurs immigrés asbl, besser bekannt ënner hirem Akronym ASTI, ass eng lëtzebuergesch NRO.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si gouf 1979 gegrënnt.
Hir Ziler waren ufanks d'Walrecht an och soss gläich Rechter fir Auslänner zu Lëtzebuerg. Am Laf vun de Jore sinn den Asaz fir Leit, déi Asyl ugefrot hunn, an déi, déi ouni gëlteg Openthaltspabeiere sinn, zu engem weidere Schwéierpunktthema ginn.
Allgemeng sëtzt d'ASTI sech fir eng Gesellschaft an, där hire Räichtum an hirer Oppenheet an hirer Diversitéit läit.
D'ASTI organiséiert eng ganz Rëtsch Aktivitéite fir d'Awunner aus den nërdleche Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. Si huet de Festival de l'Immigration op d'Bee gesat, a war Copromoteur vum Carnaval des cultures an der Caravane 2000.
D'ASTI finanzéiert sech eleng duerch Donen a Membercotisatiounen[Source?].
Presidentin ass zanter November 2009 d'Laura Zuccoli. Virdru war dat 30 Joer laang de Serge Kollwelter.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Association de soutien aux travailleurs immigrés, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.