De Winnetou ass e fiktiven Häuptling vun de Mescalero-Apachen, deen a ville Wëlle Weste-Romaner vum däitschen Erfollegsauteur Karl May virkënnt.
E verkierpert de Personnage vun engem edlen, gudden Indianer, dee fir Gerechtegkeet a Fridde kämpft.
Nom Karl May senge Geschichte begéint den Ech-Erzieler Old Shatterhand (en Alter Ego vum Karl May) dem Winnetou, an no ursprénglech dramateschen Evenementer en
tsteet eng déif Frëndschaft tëscht deenen zwéin, a si gi souguer Bluttsbridder.
A sëllege Situatioune stelle se hir kämpferesch Talenter ënner Beweis, mä awer och hiert Matgefill mat hire Matmënschen. De Karl May zeechent e Bild vun der ugebuerener Guttheet vun der Mënschheet, déi awer ëmmer erëm vu béiswëllege Feinde bedreet gëtt. Net-dogmatesch chrëschtlech Gefiller a Wäerter spillen eng grouss Roll, an d'Helden an de Geschichte sinn dacks als Däitschamerikaner beschriwwen.
De Winnetou gouf de Chef vum Vollek vun de Mescalero-Apachen (a vun den Apachen alleguer, d'Navajo abegraff), nodeem säi Papp Intschu tschuna a seng Schwëster Nscho-tschi vum wäisse Bandit Santer ermuert goufen. Hien ass op sengem Päerd Iltschi (Wand) geridden an en hat eng faméis Flënt, d'Sëlwerbéchs (eng duebelleefeg Flënt där hire Kolwe mat sëlwere Beschléier dekoréiert war). Den Old Shatterhand ass um Iltschi sengem Brudder geridden, dem Hatatitla (Blëtz).
Dacks eng wichteg Roll spillen nach d'Westmänner Sam Hawkens, Dick Stone a Will Parker.
Am Kader vun de Gesammelte Wierker daucht de Winnetou an engem weidere Band op: "Im Tal des Todes" (1934), eng Beaarbechtung vum Kolportageroman Deutsche Herzen – Deutsche Helden (1885–87).
Zanter den 1920er-Jore gouf et Versich fir de Winnetou-Stoff ze verfilmen.
Déi populäerst waren awer déi aus den 1960er Joren. Si goufe "fräi nom May" gedréint, d'Figur vum "Winnetou" gouf exklusiv vum Pierre Brice duergestallt an deelweis däitlech anescht ugeluecht wéi an de Romaner. De Kinosfilm "Winnetou" mat der Musik vum Martin Böttcher gouf no "Der Schatz im Silbersee" 1962 mat am erfollegräichsten. E reegelrechte Kult ëm d'Fimserie ass entstanen, souguer mat entspriechendem Merchandising. Spéider goufen déi Filmer eng sëllege Kéieren am Fernsee widderholl.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Karl May Filmer.
Commons: Winnetou – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Winnetou, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.