Dësen Artikel stellt déi relevant Informatiounen a Reegele fir Toun-Dateien op der lëtzebuergescher Wikipedia duer.
Allmeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen. Fir de Projet vun enger geschwatener Wikipedia, kuckt wgl. Spoken Wiki (en). |
Op Ärem Computer muss e Programm installéiert sinn, deen de Format vun enger Audio-Datei ënnerstëtzt. Fir d'Wikipedia sinn dëst d'Formater WAV, MIDI an Ogg Vorbis. D'Ofspille vu WAV a MIDI stellt an de meeschte Fäll onofhängeg vum Betribssystem kee Problem duer, bei Ogg Vorbis ass ënner Ëmstänn eng speziell Software oder e Plugin noutwänneg.
All Audio-Dateie mussen ënner enger fräier Lizenz wéi zum Beispill der GFDL oder Creative Commons stoen (kuckt Copyright). Dateien, déi dës Lizenzbestëmmungen erfëllen, oder wou d'Source net uginn ass, ginn nees geläscht.
D'Dateie solle waméiglech op d'zentralt Medië-Lager Wiki Commons eropgeluede ginn. Do ass et méiglech, Dateie bis zu enger Gréisst vun 20 MB eropzelueden, wat bei engem Text dee geschwat gëtt bei gudder Qualitéit onëmgänglech ass.
Virlagen a weider Informatiounen zum Abanne vun Audiodateien an d'Wikipedia-Artikel fannt Dir op Wikipedia:Textbausteng/Multimedia.
Déi üblech Dateiformater fir Audio-Dateien op der Wikipedia si MIDI fir Musek an Ogg fir all Zorte vun Toundateien. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt: d'MP3-Format gëtt op Grond vu Patenter op Wikipedia net akzeptéiert (kuckt hei). D'WAV sollt net benotzt ginn, well dës Dateien däitlech méi grouss wéi déi aner zwéi Formater sinn.
Bei Ogg muss ee beuechten, datt d'Audio-Dateie je no Usprëch mat verschiddene Codecs kompriméiert kënne ginn: dobäi ass Vorbis fir allgemeng Fäll, Speex fir Sprooch-Opnamen, a FLAC fir verloschtfräi Opname geduecht.
Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:Audio, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.