D'Wall Street ((Stad-)Mauer-Strooss) ass eng ronn 600 m laang Strooss zu Manhattan, New York City.
Dës Säit beschäftegt sech mat der New Yorker Wall Street. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wall Street (Homonymie). |
Si ass den Zentrum vum New Yorker Financial District an do steet och déi New-Yorker Bourse, den New York Stock Exchange. Net zulescht dowéinst gëtt si metonymesch fir déi amerikanesch Finanzindustrie gebraucht.
D'Strooss huet hiren Numm dohier, datt si op der Plaz vun der fréierer Stadmauer ugeluecht gouf, déi de Petrus Stuyvesant 1652 am deemolegen Nieuw Amsterdam baue gelooss hat, fir et géint Iwwerfäll duerch Indianer ze schützen.
Nieft der Bourse steet an der Wall Street, op hirem Wupp, déi bekannten Trinity Church, an och d' Federal Hall, an där deen éischten amerikanesche Kongress zesummekoum an do d' Bill of Rights ugeholl hat.
Commons: Wall Street – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wall Street, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.