D'Very Long Baseline Array (VLBA) ass e Radiointerferometer mat deem no der Method vum VLBI Radioobservatioune vun astronomeschen Objete mat héchster Wénkelopléisung gemaach kënne ginn.
Déi 10 Antenne vum VLBA mat jee 25 m Duerchmiesser an 240 Tonne Gewiicht sinn iwwer zéng Plazen an den USA verdeelt:
Déi gréisst Distanz tëscht dëse Plazen ass 8611 km. D'Antennen hunn Empfänger fir 10 Frequenzberäicher tëscht 300 MHz a 86 GHz. Duerch déi laang Basislinnen tëscht de Standplaze erreecht d'VLBA, jee no Frequenz, eng Wénkelopléisung vun deelweis manner wéi eng dausendstel Bousekond.
Mat dem Bau vum VLBA gouf 1986 ugefaangen. 1993 gouf et ageweit a gëtt vum National Radio Astronomy Observatory an den USA bedriwwen. D'Zentral ass zu Socorro, op der Plaz vum Very Large Array.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Very Long Baseline Array, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.