Stäerzelen (Éislek: Kniddel, Kniäddel) si Kniddelen aus Wëllkarmiel.
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si hu fréier an den Iessgewunnechten op den Dierfer eng grouss Roll gespillt, besonnesch am Éislek, wou de Buedem moer war an net vill Broutfruucht bruecht huet.
100g Speck a Gréiwe schneiden an déi an enger Pan ubroden. De Schäffchen umaachen (120 °C) mat enger Plack dran (déi muss waarm sinn, wann d'Stäerzele bis gestach sinn).
1 l gesalzt Waasser an engem Dëppe waarm maachen, en 1/2 Kilo (1 Liter) Wëllkarmiel dobäi ginn an dauernd réiere bis dat ganzt en decken Deeg gëtt. Wa bis den Deeg fest ass, d'Kachplack ausmaachen. Da gi mat engem Zoppeläffel gläichméisseg Portiounen erausgestach (wann een de Läffel virdrun a waarmt Waasser mécht glëtscht et besser). Déi erausgestache Stäerzelen elo op déi waarm Ueweplack ausbreeden, dorop kommen dann d'Gréiwen, e Schnatz Botter an en Dëppche Rahm ier et nees fir 10 Minutten zeréck an de Schäffche geet.
Am beschte sinn d'Stäerzelen den Dag drop gebootscht an der Pan, ganz oder liicht méi kleng geschnibbelt. Wëllkarmiel siedegt méi wéi wäisst Miel, deemno geet dëst Rezept labber fir 4 Leit duer.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Stäerzelen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.