De Stanley Gayetzsky, besser bekannt als Stan Getz, gebuer den 2.
Februar">2. Februar 1927 zu Philadelphia an den USA, a gestuerwen de 6. Juni 1991 zu Malibu, war en US-amerikaneschen Jazz-Tenorsaxophonist.
Stan Getz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Stanley Gayetsky |
Gebuer | 2. Februar 1927 Philadelphia |
Gestuerwen | 6. Juni 1991 Malibu |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Saxophonist, Jazzmuseker, Komponist |
Joerzéngte laang huet de Getz a ville Big Bands gespillt, dorënner déi vum Jack Teagarden, Stan Kenton, Jimmy Dorsey a vum Woody Herman.
Weltbekannt gouf de Getz duerch seng populär Bossa nova-Disken, wéi Desafinado zesumme mam Gittarist Charlie Byrd. Säi gréissten Erfolleg hat de Getz mat The Girl fom Ipanema vum Antonio Carlos Jobim, e Lidd, dat de Creed Taylor am Mäerz 1963 zu New York produzéiert huet.
No senger Latin-Jazz-Phas huet de Getz sech nees méi dem Jazz zougedréit.
De Stan Getz ass 1991 gestuerwen, hie war 64 Joer al ginn.
Commons: Stan Getz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Stan Getz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.