D'Bossa Nova ass e südamerikanesche Museksstil an Danzstil, deen 1958 aus enger Mëschung tëscht der Samba an dem Jazz zu Rio de Janeiro a Brasilien entstanen ass.
Stilistesch baut d'Bossa nova engersäits op klassesch Harmonien op, anerersäits op verjazzte Sambarhythmen, soudatt eng méi roueg, méi intellektuell Musek entstanen ass, déi sech kloer vun der Karnavalsamba a vun de südamerikanesche Balladen ofhieft.
Dräi Museker sti Papp vun dësem "neien Déngen" (dat bedeit Bossa nova op Brasilianesch): de Gittarist João Gilberto, de Pianist Tom Jobim an den Dichter Vinícius de Moraes. Am August 1958 koum den Album "Chega de Saudade" eraus, op deem de João Gilberto Kompositioune vum Tom Jobim a vum Vinicius de Moraes interpretéiert an der Welt d'Bossa nova presentéiert.
1959 huet de Marcel Camus dozou bäigedroen, d'Bossa nova weltwäit bekannt ze maachen duerch de Succès vu sengem Film Orfeu Negro, an deem d'Bossa nova-Lidd Felicidade eent vun den Haaptlidder vum Film war.
Commons: Bossa Nova – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bossa Nova, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.