D'Serie 22 war eng Serie vu 50 elektresche Lokomotiven déi d'SNCB 1954 kaaft huet, nodeem e groussen Deel vum belschen Eisebunnsreseau nom Krich elektrifizéiert gouf.
Serie 22 SNCB | ||
---|---|---|
Nummeréierung: | 2201-2250 | |
Stéckzuel: | 50 | |
Constructeur: | BN an ACEC | |
Baujoer: | 1954 | |
Ausmusterung: | 2008 | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 87 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 18000 mm | |
Héicht: | 3755 mm | |
Maximal Achselaascht | 23 Tonnen | |
Héchstvitesse: | 130 km/h | |
Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum | |
Leeschtung: | 1740 kW |
Am Ganze goufen eng 200 Maschinne kaaft, opgedeelt op d'Serien 22, 23, 25 a 26. Et schwätzt een haut bei Maschinnen aus där Zäit, iwweregens net nëmmen an der Belsch, vun Albaumaschinnen (de: Altbauloks, fr: locomotives classiques). D'Serie 22 war déi éischt Generatioun vun där Famill Lokomotiven a gouf op Basis vun der Serie 121 gebaut, wat 3 Prototyppe waren déi ëm 1950 gebaut goufe fir den Developpement vun där grousser Serie ze preparéieren.
Nodeem déi éischt Maschinn am 1954 geliwwert gouf, goufe se op der Streck Lëtzebuerg-Namouer am Giddertransport, an awer och am Persounentrafic agesat. D'Pentë vun där Streck hunn eng gewëssen Traditioun opkomme gelooss, datt d'SNCB hir neist an domat stäerkst Maschinnen ëmmer fir d'éischt op Lëtzebuerg fuere gelooss huet. Et war am September 1956 eng Serie 22 déi deen éischten elektresch bedriwwenen Zuch op Lëtzebuerg bruecht huet.
Ufanks waren d'Maschinne vun der Serie 22, wéi och hir Schwëstermaschinnen aus de Serien 23, 25 a 26 mat enger grénger Livrée ënnerwee, wéi se deemools bei der SNCB gebräichlech war.
Mëtt der 70er Jore ginn se an der néier bloer Livrée mat der gieler Sträif ugestrach, parallel dozou ginn se fir de Betrib an enger Unité Multiple ekipéiert.
Commons: SNCB Class 22 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Serie 22 SNCB, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.