De Sender vu Blaaschent ass en 91m héije stolen Tuerm op engem Bierg beim Duerf Blaaschent an der Gemeng Luerenzweiler, dee fir UKW-Sendunge vu L'essentiel Radio (virdrun: DNR) op der Frequenz 107,7 MHz, sou wéi och Mobil-/Richtfunk, benotzt gëtt.
Déi um asphaltéierte Stroossereseau erreechbar Plaz läit op 423,1 m (NG-L). Um Fouss vum Tuerm ass en Depot mat engem Haischen.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Luerenzweiler |
Koordinaten | 49° 42’ 40’’ N 06° 09’ 59’’ O |
Iwwer e Feldwee kann een an ëstlecher Richtung (ca. 300m) eng Plaz am Préventbësch nobäi erreechen, déi op 435,8m läit, an domat déi héchst Plaz vun der Gemeng Luerenzweiler ass. An dësem Bësch konnte seele Käferzorte nogewise ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sender vu Blaaschent, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.